arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Feeler maache soll erlaabt sinn, och bei administrativen Demarchen, esou d'Ombudsman

National

|
reading time

2 min

headphones

4 min

play_arrow

Feeler maache soll erlaabt sinn, och bei administrativen Demarchen, esou d'Ombudsman

D'Ombudsman fuerdert, datt hei am Land den droit à l’erreur agefouert gëtt. Dat fir Bierger:innen déi bei enger administrativer Demarche ongewollt e Feeler maachen an Stand haut, doduerch zum Beispill finanziell Hëllefen oder e Permis refuséiert kréien.

reading time

2 min

headphones

4 min

play_arrow
D'Ombudsman Claudine Konsbruck | © Morgane Weidig
D'Ombudsman Claudine Konsbruck (Foto: Morgane Weidig)

Et ass iech bestëmmt schonn eemol geschitt: Dir hutt missten e Formulaire ausfëllen, an hutt iech bei enger Angab geiert, oder vergiess en Dokument mat ze schécken. Meeschtens ass dat net schlëmm.

Mee wann et ëm administrativ Demarchë geet, fir zum Beispill finanziell Hëllefen unzefroen, kann dat grave Konsequenze fir déi Betraffen hunn, erkläert d’Ombudsmann Claudine Konsbruck. Verschidde Verwaltunge wiere ganz streng wann een ee Feeler mécht a refuséieren engem dann dës Demande.

Vill Verwaltunge relativ streng

Dat féiert dann dozou, datt zum Beispill eng Persoun kee Chômage bezuelt kritt, well si eng falsch Case ugekräizt hat.

Et hätt ee méi dacks där Fäll, datt d‘Verwaltungen och net oppe sinn, fir eng nei Decisioun ze huelen, wann ee Bierger oder eng Biergerin sech bis geiert huet.

"Dofir ons Revendicatioun, ons Recommandatioun, dass dat mol am mannst soll gekuckt ginn, innerhalb vum Staat, wat do méiglech wier, fir dem Bierger entgéintzekommen."

Dat géif och d‘Vertraue géintiwwer de Verwaltunge stäerken, mengt d‘Claudine Konsbruck.

D‘Ombudsman fuerdert d’Regierung op, fir an dësem Beräich eng méi grouss Flexibilitéit zouzeloossen, an de Bierger:innen e Recht op e Feeler un ze erkennen. woubäi et natierlech awer e gewëssent Sécherheetsnetz bräicht.

"Et sinn natierlech Feeler, déi net express gemaach sinn. Dat kann och net reegelméisseg virkommen. Do muss ee schonn e klore Kader sëtzen am Gesetz."

Beispiller aus den Nopeschlänner

A Frankräich gëtt et schonn e Gesetz, dat d’Konditioune fir den Droit à l’erreur festleet. An der Belsch gëllt de Prinzip am Beräich vun de Steieren a kéint méiglecherweis och op aner Verwaltungen applizéiert ginn. 

De franséischen Text géint een iwwerhuelen, mengt d‘Claudine Konsbruck.

"Mee et ass elo d'Fro, ob d'Regierung dat wëllt, ob se wëllt en Droit général à l'erreur aféieren, ob een et besser hätt vläicht progressiv virzegoen an dann an eenzelen Domänen dat mol ze testen an dann auszewäiten."

Mengt nach d’Ombudsman Claudine Konsbruck.

play_arrow Lauschteren