Dofir soll déi digital Visibilitéit an déi regional Offer verbessert ginn. Eng national Plattform fir all kulturell Offer am Land mam Numm culture.lu soll am Hierscht lancéiert ginn. Den Domän géif ee vu Luxembourgticket GIE, iwwerhuelen, esou den Eric Thill.
"D'Zil ass et, de kulturellen Ekosystem zu Lëtzebuerg op enger eenzeger Plaz zesummenzeféieren an d'Offer fir d'Biergerinnen an d'Bierger méi visibel, méi verständlech a virun allem méi accessibel ze maachen."
Och am Norden an am Oste soll déi dezentraliséiert Kulturoffer gefërdert ginn.
Fir d'Ëmsetzung vum Aktiounsplang si bis 2030 13,5 Milliounen Euro virgesinn.
Text vum Luca Di Santolo