Radioen

On air

Notturno  |  Matt Dawson - The Cliffs Of Lone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fédération des artisans ënnerstëtzt d‘Eropsetze vun der Sonndesarbechtszäit

Aarbechtswelt

Fédération des artisans ënnerstëtzt d‘Eropsetze vun der Sonndesarbechtszäit

An engem Communiqué begréisst d‘Handwierkerfederatioun d'Mesure vun der Regierung fir d'Sonndesaarbechtszäit vu 4 op 8 Stonnen eropzesetzen. Dës Initiativ géif den aktuelle Besoine vun den Entreprisen an hire Mataarbechter:innen entspriechen a géif méi Flexibilitéit an der Organisatioun erméiglechen.

auto_stories

1 min

Deemno géif een op déi Manéier dem Wonsch vun de Patronen an de Salariéeën entgéint kommen, heescht et nach am Schreiwes. Elo fuerdert d‘Fédération des Artisans eng séier Ëmsetzung vun dëser Reform.