Radioen

On air

9 bis 1  |  Alt-J - Left Hand Free

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Diskussiounen ëm d'Pensioun dierften nëmmen am Tripartitemodell gefouert ginn

OGBL an LCGB

Diskussiounen ëm d'Pensioun dierften nëmmen am Tripartitemodell gefouert ginn

D'Gewerkschaften OGBL an LCGB hunn hir rout Linnen a Saache Pensiounssystem gezunn. Et kënnt fir si zum Beispill net a Fro, datt den aktuelle Pensiounsalter (65 Joer) eropgesat géif ginn. 

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: OGBL/Facebook

Keng Leeschtungsverschlechterung, keng Augmentatioun vum Pensiounsalter, dat sinn d‘rout Linnen, déi d‘Gewerkschaften OGBL an LCGB am Virfeld vun de Diskussiounen ëm d‘Pensiounsreform gezunn hunn. E Freideg hat d‘Sozialministesch Martine Deprez jo de Startschoss fir d‘Debatt ginn. Sollt et bei de Pensiounen enk ginn, misst een ob Erhéijunge vun de Cotisatiounen zréck gräifen, sou de Virschlag vun OGBL an LCGB.

Gewerkschafte gesinn d'Urgence net

Béid Gewerkschaften hunn hir Pressekonferenz demonstrativ zesumme gehalen. A Saache Pensioune wier en elementare Pilier vum Sozialstaat ze verdeedegen. Woubäi d‘Gewerkschaften am Virfeld iwwerhaapt net verstinn, firwat eng Pensiounsreform déi virun de Walen ni ugekënnegt gouf elo op eemol noutwendeg wier, d‘OGBL Präsidentin Nora Back. D‘Reserve wieren immens héich.

„Mir kéinten haut méi wéi 4 Joer laang d‘Pensioune bezuelen ouni op iergend eng Cotisatioun zréckzegräifen.“

A well keng Urgence géif bestoen, géif et och kee Grond ginn, fir Verschlechterunge vun de Leeschtungen, hei gi vu Gewerkschaftssäit rout Linne gezunn:

„De Rentenalter vu 65 Joer wëll ech hei direkt soen dee steet fir eis net zur Dispositioun.“

System muss ëffentlech bleiwen

Nieft dem Rentenalter sinn och eng Verkierzung vun de Renten oder eng Privatiséierung vum System zum Beispill iwwer d‘Kapitalmarchéë rout Linnen. De System misst ëffentlech bleiwe mat gläicher Bedeelegung vu Staat, Salarié an Patronat. Wann een dat wéilt änneren, misst ee vläicht och d‘Leit froe wat si dervunner halen. Ergo: Ee Referendum.

„An zwar e Referendum wou alleguerten déi Leit mat ofstëmmen déi hei vun där Reform betraff sinn, also och d‘Frontalieren.“

Nei Berechnunge vill méi optimistesch

An engem 150 Säiten decken Dokument hu sech d‘Gewerkschafte vun der chambre des salariés ausrechne gelooss, wéi eng Optiounen et da ginn. Déi si vill méi optimistesch wéi déi al Berechnungen déi sech all als falsch erwisen hunn, sou nach de Patrick Dury. Méiglech Weeër fir nei Recettë wieren en Eropsetze vun de Cotisatiounen, zum Beispill gestuuft jee no Akommes, d‘Deplafonéiere vun de Beiträg oder d‘Aféiere vun enger Solidaritéitssteier.

Weider kéint d‘Reserv genotzt ginn, dofir wier se schliisslech do. Och iwwer Mesurë fir dat d‘Leit méi no un hiren effektive Pensiounsalter vu 65 Joer eru komme kéint ee schwätzen. 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
National
Politik
Politik a Gesellschaft