Radioen

On air

Notturno  |  Weyes Blood - It's Not Just Me, It's Everybody

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Situatioun am Logement spëtzt sech zou

Fédération des Artisans

Situatioun am Logement spëtzt sech zou

D‘Fédération des Artisans warnt an engem Communiqué, datt d‘Situatioun am Logement sech weider zouspëtzt. De Réckgang vun den Aktivitéiten, dee sech déi lescht Méint am Bausecteur bemierkbar gemaach huet, géif elo ëmmer méi Betriber treffen.

auto_stories

1 min

D‘Mesuren, déi Regierung bis elo geholl huet, géifen net méi duergoen. Sou wéi et am Moment ausgesäit, kréich den Héichbau spéitstens Ufanks d‘nächst Joer massiv Konjunkturproblemer an et misst mat Faillitten an Entloossunge gerechent ginn.

D‘Handwierk mécht een Appell un de Staat an d‘Gemenge fir geplangte Projeten sou séier wéi méiglech auszeschreiwen, fir datt d‘Betriber weider Opträg hunn. Déi Opträg sollen och u Lëtzebuerger Betriber goen esou d‘Handwierk.