Radioen

On air

9 bis 1  |  Franz Ferdinand - Curious

play_arrow Live
search

/ Fake-Video vum Premier zirkuléiert an de soziale Medien

Staatsministère mellt

Fake-Video vum Premier zirkuléiert an de soziale Medien

De Staatsministère deelt mat, datt zanter e puer Deeg ee falsche Video vum Premier Luc Frieden an de soziale Medien zirkuléiert. An deem Video rifft de Luc Frieden dozou op, eng bestëmmten Zomm u Sue fir ee Programm fir kënschtlech Intelligenz z‘investéieren.

auto_stories

1 min

Luc Frieden | © picture alliance/dpa | Harald Tittel
Luc Frieden (Foto: picture alliance/dpa | Harald Tittel)

De Staatsministère warnt hei a betount, datt et sech ëm ee gefälschte Video handelt, an datt hei net wierklech de Premierminister ze gesinn ass.

De Fall wier schonn un d‘Police Judiciaire weidergeleet ginn, dee mat der Unitéit fir d‘Bekämpfung vu Cyberkriminalitéit zesummeschafft.