An hirem Communiqué rifft déi consultativ Mënscherechtskommissioun d’Regierung dozou op déi néideg Konditiounen ze schafen, fir datt all Mënsch an enger Noutsituatioun sozial a medezinesch Hëllef kann ugebuede ginn.
Wien brauch am meeschten Hëllef, am Plaz wien ass am längsten am Land
D’CCDH kritiséiert och, datt de Krittär fir Leit auszeschléisse willkürlech wier, an een och net ëmmer kéint definitiv bestëmme wéi laang eng Persoun sech um Lëtzebuerger Territoire ophält, sou de Frank Wies vun der consultativer Mënscherechtskommissioun.
"Sou datt zum Beispill eng Persoun déi sech lo presentéiert, déi awer just dräi Deeg dierf do sinn, datt do d’Vulnerabilitéit vun der Persoun muss gekuckt ginn. An datt de Krittär muss sinn, wa mir wierklech an enger Situatioun sinn, wou net méi genuch Plazen do sinn: Wien ass am meeschten am Besoin an net wéi laang bass du schonn am Land. Soudass dee Krittär aus eiser Siicht dann ebe falsch ass."
Dës Kritik wëll de Familljeministère awer net gëlle loossen a verweist dorop, datt een sech mat den dräi Acteure vun der Wanteraktioun zesummegesat hätt fir dëse Krittär auszeschaffen.
Bei Minusgraden ass d'WAK fir jiddereen op
Deen gëllt awer och nëmmen dann, wann d’Temperaturen iwwert 0 Grad sinn, bei Minustemperature kéint jiddereen an d’Wanteraktioun kommen, präziséiert de Familljeminister Max Hahn.
"An och do ass gekuckt gi mam Secteur zesumme, wat kënnen dat da fir Conditioune sinn, déi och Sënn maachen. An ech mengen och wann een op der Strooss hei zu Lëtzebuerg lieft, da kennt de Secteur een, dann huet een dee scho begéint. Sief et Streetworker oder soss déi grouss Träger, mee dat geet och mat einfache Rechnungen, déi een huet wou een dat kann noweisen."
Och de Virworf vun der CCDH, datt d’Regierung eng widderspréchlech Politik géif féieren, andeems een en Heescheverbuet en place gesat huet an gläichzäiteg den Accès zur Wanteraktioun limitéiert, léisst den DP Minister net gëllen. Et bräicht een iwwerdeems och d’Hëllef vun aneren europäesche Länner fir d’Sozialstrukturen hei zu Lëtzebuerg ze entlaaschten, esou de Max Hahn.