Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi ass et dozou komm, datt eng Fra vum ONA virun d'Dier gesat gouf?

Gesellschaft

Wéi ass et dozou komm, datt eng Fra vum ONA virun d'Dier gesat gouf?

Eng Mamm mat hiren zwee klenge Kanner ass den 10. Januar aus engem Foyer vum Office national de l’accueil op d’Strooss gesat ginn. Well sech e Grupp vu Benevollen an eng Affekotin ageschalt hunn, ass d’Famill zënter dësem Méindeg erëm ënnerdaach. Wat an deenen 12 Deeg geschitt ass a wéi et dozou komme konnt, hu mir recherchéiert.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

Bett Flüchtlingsstruktur | © picture alliance / imageBROKER | Sylvio Dittrich play_arrow
Foto: picture alliance / imageBROKER | Sylvio Dittrich

Den 3. Januar huet d’Fra aus dem Kongo e Bréif kritt an deem stoung, si hätt eng Woch Zäit fir sech ze relogéieren. Well ab dem 10. Januar wier si net méi eligibel mat hire Kanner an der ONA Struktur zu Hesper ze wunnen. Hir demande de protection internationale gouf ofgeleent an domat hat si kee Recht méi am ONA-Foyer ze bleiwen. Dës Foyere sinn dem Gesetz no just verflicht Demandeuren ze logéieren.

Déi 32 joer jonk Fra ass zënter véier Joer zu Lëtzebuerg. D’Famill wier gutt integréiert zu Lëtzebuerg. D‘Fra schafft fir eng Interime-Agence, hiert fënnef Joer aalt Meedche geet zu Hesper an d’Schoul. Hiert Kléngste vu 17 Méint ass zu Stroossen an der Crèche.

Um besote Stéchdag ass d’Fra dann och wei am Bréif ugekënnegt mat hire Kanner aus dem ONA-Foyer op d‘Strooss gesat ginn, wéi hir Affekotin Noémie Sadler vun der Etude Sadler a Presidentin vun der Mënscherechtskommissioun erkläert.

"An dat alles, obwuel mir awer och nach eng aner Prozedur gemaach hunn, déi heescht Report d’eloignement, an déi ass grad nach amgaangen, do krute mer och elo nach weeder Refus, nach en Accord, an en attendant, bis mer do eng Äntwert hunn, sollt d'Madamm sech dann awer mat deenen zwee klenge Kanner relogéieren innerhalb vun enger Woch."

Kee wollt fir d'Fra zoustänneg sinn

Ab deem Moment wou enger Persounen hir Asyl-Demande refuséiert gëtt, ass d’Maison de Retour fir de Logement zoustänneg. Awer och do gëtt et am aktuelle Fall e Problem: D’Fra an hir Kanner sinn net eligibel fir an der Maison de Retour opgeholl ze ginn. Well si eben offiziell net als Retour-Kandidate gëllen.

Eng Grozon an där keen zoustänneg ass, wéi d’Affekotin Noémie Sadler erkläert. Duerch glécklech Ëmstänn an duerch een aneren Acteur wier d‘Madamm an engem Hotel ënnerbruecht ginn.

D’Asbl Réseau Psy an de Projet Oppent Haus haten d’Käschte fir den Hotel iwwerholl.

UNO: Staat Lëtzebuerg ass verflicht d'Famill ze logéieren

An dem Kontext huet d’Affekotin eng Plainte beim Comité international des droits de l’enfant gemaach. Dëst fir d’Kanner viru potentielle Schied, déi sou eng Situatioun ouni Daach iwwert dem Kapp mat sech bréngt, ze schützen. 

De Comité vun der UNO hätt decidéiert, datt de Staat Lëtzebuerg obligéiert wier, d‘Famill erëm ze logéieren, bis eng Decisioun a Punkto vum report d’eloignement getraff gi wier, seet d’Noémie Sadler.

"Mir hunn effektiv déi Mesuren ugefrot bei dem Comité international des droits de l'enfant, Mesures provisoires sinn dat natierlech nëmmen. A mir kruten déi och, déi si ganz reaktiv an déi hu mer do nach weider op de Familljeministère geschéckt. Do huet mir elo kee geäntwert."

Den zoustännege Minister fir d’ONA-Foyeren Max Hahn deelt op Nofro hi schrëftlech mat, hie géif sech prinzipiell net zu Eenzelfäll äusseren. D’Famill hätt op Weideres erëm e Bett am ONA Foyer.

Et géif een allgemeng een eng Verännerung um Terrain bemierken, sou nach d’Noémie Sadler. Et hätt een zwar keng konkret Chifferen, mee et géif ee mierken, datt d'Foyere keng Plaz méi hätten a Leit, déi net dierften am Land bleiwen och méi séier géif op d‘Strooss géife gesat ginn. "An och mat Kanner, ouni Kanner, do gëtt elo net wierklech en Ënnerscheed gemaach", sou d'Noémie Sadler.

Lauschterenplay_arrow