De LISER huet deen Zesummenhang elo nogewisen a schwätzt an deem Kontext vun engem Däiwelskrees.
Wann ee qualifizéiert Migrante géif unzéien, géif et eng Tendenz fir manner Votte fir d'Extrême droite ginn, seet de Frédéric Docquier, ee vun den Auteure vun der LISER-Etüd. Dat selwecht géif och ëmgedréit gëllen: Dat heescht, wann een net-qualifizéiert Migranten unzitt, gëtt d'Extrême-Droite méi staark gewielt.
Eng Anti-Immigratiouns-Mentalitéit hätt awer och selwer een Afloss op d'Struktur vun der Immigratioun, esou de Fuerscher. An zwar hätte qualifizéiert Aarbechter d'Tendenz net an déi Länner ze migréieren, an deenen d'Extreemriets zouhëlt. Net qualifizéiert Aarbechter géife weider och a Länner migréieren, an deenen d'Extremriets staark ass.
"Eux, ils continuent à venir là où il y a des réseaux, là où ils connaissent des gens, là où il y a une diaspora qui est bien installée. Donc ça veut dire que l'extrême droite réduit en fait la qualité des migrants."
Also nach eemol, am Resumé:
"L'immigration non qualifiée ou peu qualifiée augmente le niveau moyen de populisme de droite et le populisme de droite réduit la qualification des migrants.»
Et gëtt keng Wonnerléisung, Léisungsusätz awer schonn
Fir d'Etüd goufe ronn 60 Länner op internationalem Niveau vun 1960 bis 2020 matenee verglach.
D'Fuerscher hunn d'Walprogrammer analyséiert vu Parteien, déi eendeiteg dem riets-extreeme Bord zouzerechne sinn, awer och vun deenen, déi sech a Froe vun Immigratioun dorun inspiréiert hunn. A si hunn dat alles mat de Walresultater ofgeglach - iwwer ee ganz laangen Zäitraum also a ganz ville Länner. D'Etüd zitt um Enn och Conclusiounen a Form vu Léisungsvirschléi, fir aus deem beschriwwenen Däiwelskrees erauszekommen.
Si mécht dobäi awer och däitlech, datt et keng Wonnerléisung gëtt an datt een déi proposéiert Léisungen net getest hätt. Kloer wier awer, datt de Qualifikatiounsniveau vun de Migrante wichteg ass.
"Si on veut casser le cercle vicieux, une façon de le faire, c'est de sélectionner les migrants sur base de leur niveau d'éducation."
Méi op d'Besoine vun den Hierkonfts- an den Origineslänner agoen
De Fuerscher Frédéric Docquier vum LISER proposéiert dofir, datt een déi professionell Formatioune méi op d'Besoine vun den Hierkonftslänner an op d'Besoine vun de pays-d'accueile konzentréiert.
"On offrirait par exemple des visas réguliers à une fraction relativement faible, des gens qui s'engagent dans la formation professionnelle, ça les inciterait à acquérir les skills, à acquérir les aptitudes pour être à la fois effectifs dans leur pays, productifs dans leur pays et productifs en Europe."
E klengen Deel vu Leit géifen also iwwer eng regulär Manéier an Europa kommen an déi Leit, déi net kéinte kommen, géife fir d’éischt an hirem Heemechtsland forméiert ginn.
"Elle trouverait des meilleurs emplois et on espère que ça pourrait freiner cette immigration irrégulière."