Déi 8,7 Milliounen Euro, déi pro Joer an Nationalbibliothéik fléissen, hätten deemno en Outcome vun iwwer 38 Milliounen Euro. Dës Valeur gëtt ënner anerem doraus ermëttelt, wat ee soss fir den Accès zu Bicher a wëssenschaftlechen Texter bezuele misst, wann et de Service vun der Nationalbibliothéik net géif ginn.
De Kulturminister Eric Thill huet d'Wichtegkeet vun dëser Etüd op der Pressekonferenz gëschter ënnerstrach.
"Mich freut einerseits das Ergebnis, im Allgemeinen, weil es die Bedeutung der BnL hier in Luxemburg für den Wissensstandort, aber auch für die Gesellschaft ganz klar noch mal insgesamt bestätigt und auch die Wichtigkeit untermauert, dass die BnL die Gelegenheit auch genutzt hat, sich bei ihren Nutzern zu erkundigen, was ihnen wirklich auch gefällt im Alltag und wo sie auch in Zukunft noch weitere Wünsche haben."
Méi laang Ouvertureszäiten?
Aus der representativer Etüd geet iwwerdeems ervir, datt 77 Prozent vun den Notzer:inne vun der Nationalbibliothéik sech eng Notzung vun de Web-Archiven och ausserhalb vun der Bibliothéik wënschen. Méi laang Ouvertureszäite wieren och ëmmer erëm an der Diskussioun, esou den Direkter vun der BnL Claude Conter.
Et hätt schonn 3 Petitioun heizou ginn. Sur Place géif een awer kee Besoin gesinn, fir no 20 Auer owes nach opzehunn, esou de Claude Conter.