Radioen

On air

9 bis 1  |  The Magic Numbers - Take A Chance

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi Rassismus sech am Alldag ufillt

Gesellschaft

Wéi Rassismus sech am Alldag ufillt

"Mir sinn iwwerall d’Minoritéit. Och wa mir zu vill sinn." Esou beschreift d’Aleida Vieira d’Liewen als net wäiss Persoun. D’Fuerscherin op der Uni Lëtzebuerg fuerscht iwwer Rassismus, Ongläichheet an Diskriminéierung. D’Resultater vu sëllegen Etüden zum Theema gi vun Erfarungsberichter dacks confirméiert.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

Aktivisten op enger Black Lives Matter | © Bigstock / Alessandro Biascioli play_arrow
Aktivisten op enger Black Lives Matter (Foto: Bigstock / Alessandro Biascioli)

Erfarunge mat Rassismus wieren eng Saach vum Alldag, seet d’Aleida Vieira. Mee Rassismus wier net ëmmer esou offensichtlech wéi een et unhëlt.

"Le racisme explicite, c'est quelque chose qu'on voit moins. Il y en a bien évidemment, mais se déguise souvent derrière des choses qu’on appelle des microagressions par exemple. Est-ce que moi en tant que noire je suis censée être luxembourgeoise aussi, est-ce que je peux être considéré comme une vraie luxembourgeoise?"

Ënnert enger Mikroaggressioun versteet een eng Handlung oder eng Bemierkung, déi dozou féiert, datt eng Persoun sech opgrond vun hirer Ethnizitéit oder hirem Geschlecht ugegraff fillt, och wann dat kee bewossten Ugrëff ass.

Onbewosste Mikroaggressioun: "Vu wou kënns du hier?"

Lo frot dir iech bestëmmt, wéi ee sech esou eng Mikroaggressioun ka virstellen. D’Suzanne ass eng metisse Fra an an hirem Alldag komme verschidde Forme vu Mikroaggressioun regelméisseg vir.

“Et bleift natierlech net bei enger Erfarung. Mee et sinn esou vill Erfarungen déi ëmmer erëm geschéien. Meng Mamm ass wäiss. Mäi Papp ass schwaarz. Meng Mamm ass Lëtzebuergerin. An oft ginn ech konfrontéiert mat der Fro vu wou kënns de? A wann ech soen ech si Lëtzebuergerin, da gëtt dat halt net unerkannt, da gëtt d'Fro gestallt: 'Nee, mee wouhier kënns de wierklech?' Oft gëtt dat einfach net, wouergeholl oder du kriss einfach keng Unerkennung."

D’Froen déi engem gestallt ginn, wieren oft net béis gemengt, erkläert d’Suzanne. D'Leit géifen déi dacks als Kuriositéitsfroen astufen, grenziwwerschreidend wiere se trotzdem.

"Mee wann s de iergendeng Persoun frees 'vu wou kënns de?' an déi Persoun ass Mixed oder huet e Migratiounshannergrond, da frees de jo och automatesch iergendwéi sou e Famillenhannergrond."

Mental Laascht duerch Alldagsrassismus

E Beräich dee manner erfuerscht ass an deen dacks net thematiséiert gëtt, sinn d’Konsequenze vun deene Mikroaggressiounen, erkläert d'Aleida Vieira. Eng Konsequenz vum Rassismus wier dacks en Trauma. Et misst ee sech duerch de sozialen Drock nämlech konstant a Fro stellen, wat zu enger mentaler Laascht géif féieren.

Et misst ee konstant oppassen, well soss de Risiko besteet, datt een net gesi gëtt, och am Beruffsliewen.

"Parce que notre physique parle avant que nous même on soit arrivé dans les endroits."

Rassismusvirfäll ze denoncéieren ass fir betraffe Persounen oft keng Optioun. Dat ka verschidde Grënn hunn. Am Kader vun hire Recherchen, huet d’Aleida Vieira konnten ervirhiewen, datt d’Leit och dacks Angscht virun de Konsequenzen hätten. Beispillsweis, datt si duerch e schlechte Ruff keng Aarbecht méi fannen. 

Mat méi Sensibiliséierungsaarbecht géint Alldagsrassismus virgoen

D’Suzanne fënnt, datt et och belaaschtend ka sinn, Leit mussen opzeklären. Heiansdo hätt een och einfach keng Energie dofir. Si erënnert sech, iwwer 10 Joer méi spéit, un e Virfall an hirer Lycées-Zäit.

"Ech hat zum Beispill eng Kéier eng Däitschproff, déi e Witz gemaach huet an der Klass, wou se d’N-Wuert op d'Tafel geschriwwen huet. An d'ganz Klass huet gelaacht. A si selwer huet gelaacht. An ech war déi eenzeg Persoun, déi net gelaacht huet. Ech war awer och 14 oder 15. An da seet een natierlech näischt, well wann dat jo anscheinend e Witz ass fir jiddwereen, jo, da wëlls de halt net negativ opfalen."

Lo kann ee sech d’Fro stellen: Wat kann een da maache fir géint Rassismus virzegoen? Fir d’Aleida Vieira steet eppes fest. Et muss méi Sensibilisatiounsaarbecht bedriwwe ginn.

Erfarunge fir Persounen iwwersetzen, déi net vun Alldagsrassismus betraff sinn

Dofir wier et och wichteg fir méi Projeten ze finanzéieren an den Affer eng Stëmm ze ginn. Et misst een och de Leit hir Erfarunge gewëssenermossen iwwersetzen, fir datt déi Persounen, déi net vun Alldagsrassismus betraff sinn, dat kënne verstoen.

"Parce que parfois ça sert à rien de parler racisme, je souffre racisme, mais comment tu vis cette situation de racisme? Comment tu peux l'identifier? Quelles sont les microagressions? Comment ça ça m'impacte ma vie? Comment ça travaille dans mon mental?"

Fir d’Suzanne sollten och Kanner schonn am klengen Alter an der Schoul mat der Problematik konfrontéiert ginn. Duerch méi Sensibiliséierung sollt ee weisen datt d’Norm méi divers ass wéi allgemeng duergestallt.

Lauschterenplay_arrow