Radioen

On air

9 bis 1  |  Soccer Mommy - Abigail

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg brauch ee Plang géint Rassismus

Rassismus am Alldag bekämpfen

Lëtzebuerg brauch ee Plang géint Rassismus

Lëtzebuerg huet nach ëmmer keen nationalen Aktiounsplang fir de Rassismus ze bekämpfen. Dobäi hat d'Regierung am Fong versprach, dee Plang scho viru méi wéi engem Joer ze presentéieren.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

Rassismus | © Bigstock / takdalee play_arrow
Rassismus (Foto: Bigstock / takdalee)

Mee d'Aarbechte sinn nach amgaang an d'Associatiounen, déi sech géint Rassismus asetzen, wëssen och haut nach net, wéini dee Plang soll virgestallt ginn. Dat seet d'Madeleine Yougue vun der ASBL One People. D'Organisatioun, déi sech géint Rassismus asetzt, erhofft sech, datt d'Regierung mat dem Plang zum Beispill am Beräich vum Logement Ännerungen duerchsetzt. Net Wäiss Leit hätten et nämlech dacks besonnesch schwéier eng Wunneng ze fannen, och wa se d'Grënn dofir net onbedéngt an d'Gesiicht gesot kréien, sou d'Madeleine Yougue.

"On va dire que c'est déjà loué, alors que vous appelez cinq minutes après et puis on va vous dire oui, c'est possible parce que vous n'avez pas un nom à consonance."

Schwaarz Leit visibel maachen

Donieft wënscht d'ASBL One People sech och, datt den Antirassismusplang vun der Regierung sech am Schoulprogramm bemierkbar mécht. Zum Beispill fir Schwaarz Leit am Zweete Weltkrich visibel ze maachen, oder andeems een och iwwer d‘Lëtzebuerger Roll am Kader vun der belscher Kolonisatioun schwätzt. 

"Il y a des travaux qui ont été faits par des historiens. Et ces travaux-là, à un moment ou un autre, il faut qu'ils rentrent aussi dans le récit national et au travers certainement des livres d'histoire."

Plang géint Rassismus wier ee wichtegt politescht Signal

Brauch een dofir een Antirassismus-Plang? Jo, seet dozou d'Madeleine Yougue. Dat géif eng Richtung virginn an d‘Aktioune vun de verschiddenen ASBLen an deem Beräich däitlech maachen, déi scho laang op dëse Sujete schaffen. Et wier och ee wichtegt politescht Signal, wat een domat géif senden.

"D'autant plus que c'est un plan européen qui a été demandé à l'échelle européenne, ça donne un peu plus de force."

Lauschteren

Lauschterenplay_arrow