Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Bleachers - Modern Girl

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Merz trëfft Scholz

Bundestagswalen

Merz trëfft Scholz

Zwee Deeg no der Bundestagswal hunn d‘Unioun an d‘SPD haut Gespréicher en vue vun enger méiglecher Koalitioun opgeholl: Den CDU-Chef a Walgewënner Friederich Merz huet am spéide Moien de Bundeskanzler Olaf Scholz getraff.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Michael Kappeler
(Foto: picture alliance/dpa | Michael Kappeler)

Thema dierft d‘Gestaltung vun der Iwwergangsphas bis déi nei Regierung steet gewiescht sinn. Fir gëschter hat de Friederich Merz schonn eng Entrevue mam SPD-Chef Lars Klingbeil ugekënnegt. De Moie waren d‘Spëtzte vun CDU an CSU fir Berodungen zesumme komm. Unioun an SPD sti viru schwierege Koalitiounsverhandlungen. Ma den CSU-Chef Markus Söder sot am ARD Morgenmagazin, datt béid Säite sech „um Rimm misste rappen“ fir effektiv eng Regierung op d‘Been ze kréien.