Viru ronn 5 Joer gouf déi ëmstridden 80/80/90-Reegelung ofgeschaaft. Der FGFC no konnt de Rekrutementsproblem awer net geléist ginn. Amplaz hätte sech d’Rekrutéierungsprozeduren als ze laangwiereg an onkoordinéiert erwisen.
D’FGFC huet elo e Pak mat Mesurë virgestallt, fir géint de Personalmanktem am Gemengesecteur virzegoen. D’Gewerkschaft fuerdert een eenheetlechen Astellungsexamen, eng Harmoniséierung vun de Salairen an eng Reform vun de Karriärsstrukturen am kommunale Secteur.
Eng weider Fuerderung ass d’Ofschafung vun de villen individuelle Kontrakter vun de Salariés à tâches intellectuelles, déi aktuell d’Pensiounskeessen a Personalressource géife belaaschten. Amlaz soll een eenheetleche Kollektivvertrag fir Gemengepersonal Gesetzer strikt anhalen.
Den Inneministère soll dës Virgabe konsequent iwwerwaachen, heescht et nach am Schreiwes vun der FGFC.