arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ FEDIL schléit Alarm wéinst schlechtem Zoustand vum europäesche Bannemaart

Industrie

|
headphones

2 min

FEDIL schléit Alarm wéinst schlechtem Zoustand vum europäesche Bannemaart

Déi Lëtzebuerger Industrielle-Federatioun Fedil schléit, zesumme mat iwwer 500 europäesche Partner-Organisatiounen, Alarm. Am Virfeld vum informelle Sommet bei Leck, deen um Donneschdeg de Moien ugefaangen huet, kritiséieren d’Vertrieder, datt d’Kompetitivitéit dréngend misst ugekuerbelt ginn.

headphones

2 min

René Winkin, Direkter vun der FEDIL | © Morgane Weidig
René Winkin, Direkter vun der FEDIL (Foto: Morgane Weidig)

Den europäesche Bannemaart wier haut an engem méi schlechten Zoustand wéi nach viru 15 Joer, seet den Direkter vun der FEDIL, René Winkin am 100,7 Interview.

Deelweis wier et méi einfach an en net europäescht Land ze liwwere wéi am Bannemaart. Dat misst sech änneren, esou de René Winkin. Allgemeng wier d’europäesch Industrie den Ament an engem schlechten Zoustand.

Staark Reguléierung géif Industrie ënner Drock setzen 

Onfair Konkurrenz aus Drëttlänner, héich Energiepräisser an eng ze staark Reguléierung géifen d’europäesch Industrie ënner Drock setzen. De René Winkin hofft dass um informelle Sommet haut scho wichteg Conclusioune gezu gi fir d’Kompetitivitéit ze stäerken. Zum Beispill a puncto Bannemaart:

"All Mënsch klot driwwer, datt de Bannemaart net gutt fonctionéiert. An do géif ech emol net un éischter Plaz der Kommissioun zu Bréissel Schold ginn. Mee all Etat Member solle mol bei sech kucke wat hien dann alles mécht, fir datt de Bannemaart net fonctionéiert.

Och fir Lëtzebuerg géif ee Sujete fannen, bei deenen de fräie Verkéier vu Wueren a Servicer net géif richteg fonctionéieren, esou de René Winkin. 

"Et huet kee Wäert, datt 27 Staats- a Regierungscheffen haut zesumme kommen an doriwwer kloen. Si kënne sécher d'Kommissioun froen, nach méi Drock ze maachen, nach méi dofir ze suergen, datt déi Hürden ewechfalen." 

Dacks wieren d'Hürden awer an de Membertsaate selwer geschaaft ginn, esou de René Winkin.