Europaparlament: Liwwerkette-Gesetz soll am Eilverfahren geännert ginn
D’Europaparlament huet sech dofir ausgeschwat, d’Liwwerketten-Gesetz am Eilverfahren ze änneren. D’Friste fir d’Ëmsetzung solle bis 2028 verluecht ginn. 427 EU-Deputéiert hunn dat ënnerstëtzt. Virun allem EVP, déi Liberal, d‘EKR an d‘Patrioten hu fir eng acceleréiert Prozedur gestëmmt. En Donneschde gëtt iwwer den Inhalt gestëmmt.
D’Liwwerketten-Gesetz gouf eréischt 2024 ugeholl a soll grouss Firmen dozou verflichten, Mënscherechter an hirer weltwäiter Produktiounsketten ze respektéieren, an och fir géint Verstéiss wéi Kanner- oder Zwangsaarbecht kënne virzegoen.
Allerdéngs gesi vill Entreprisen an de Reegelen eng ze grouss administrativ Belaaschtung. Dofir solle parallel zum Zäitplang och inhaltlech Ännerunge gemaach ginn, fir d'Bürokratie ofzebauen.