arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ee gudden Dag fir dat soziaalt Europa", esou d'OGBL-Presidentin Nora Back

EU-Direktiv zu Mindestléin

|
headphones

2 min

"Ee gudden Dag fir dat soziaalt Europa", esou d'OGBL-Presidentin Nora Back

Am Urteel vum Europäesche Geriichtshaff gouf déi europäesch Direktiv iwwer adäquat Mindestléin an der EU zum groussen Deel confirméiert. Zwee Punkte si fir d'Sozialpartner zu Lëtzebuerg wichteg, engersäits d'Kollektiv-Verträg an eeben d'Mindestléin.

headphones

2 min

Nora Back | © Jo Diseviscourt
Nora Back (Foto: Jo Diseviscourt)

D’Direktiv gëtt zum groussen Deel confirméiert. Eppes wat fir d'Gewerkschafte ganz positiv ass, seet de President vum LCGB, de Patrick Dury. 

"Ech ka just haut festhalen, datt e weesentlecht Element vun deem soziale Sockel, deen an Europa sollt geschaf ginn, datt dee confirméiert ginn ass, an datt dat u sech eng Saach ass, déi ech u sech ganz positiv fannen, well domadder d'Rechter vun de Salariéen an Europa gestäerkt ginn." 

All EU-Memberland muss elo Léisunge fannen, déi der lokaler Situatioun ugepasst ass. Am Beräich Mindestloun kéint een net iwwerall dee selwechte Montant festleeën. Et ginn awer Krittären an där Direktiv proposéiert, esou d’Nora Back, Presidentin vum OGBL.

"Datt de Mindestloun eng gewëssenen Héicht vum Duerchschnëttsloun am Land a vum Medianloun am Land soll respektéieren, dat géif fir eis och bedeiten, wa mir déi Krittäre vun der Direktiv wëllen erfëllen, datt muss eng Erhéijung vum Mindestloun kommen." 

Zefriddenheet och bei der UEL 

D’Patronatsorganisatioun UEL ass zefridden doriwwer, datt d’Urteel Prezisioune gëtt zur Festleeung ënner anerem vum Mindestloun, esou den UEL-Direkter Marc Wagener. 

"Festsetze vum Mindestloun, wou et de Caractère adéquat, also ob en adequat oder net ass, do gëtt et keng europäesch Definitiounen dofir, an dat ass de Memberlänner iwwerlooss fir ze definéieren, wat si als adequat gesinn. Dat ass also eng Appreciatioun, déi muss an de Länner gemaach ginn." 

"Nachholbedarf" bei de Kollektivverträg 

D’Urteel géif awer och wichteg Prezisioune ginn, wat d’Kollektivverträg ugeet, betount de Marc Wagener. An deem Beräich géif et zu Lëtzebuerg nach Nachholbedarf ginn, ënnersträicht d’Nora Back. 

"Duerfir solle se all e Plan d'action ausschaffen, wou se Europa weisen, wat hir Ambitioune sinn, fir op en Taux de couverture vun 80 Prozent vun den Kollektivverträg am Land ze kommen. Mir sinn, pour rappel, zu Lëtzebuerg bei ronn 50 Prozent vun den Entreprisen, déi e Kollektivvertrag hunn." 

Den LCGB an den OGBL fuerderen dowéinst, datt Betriber, déi un enger Ausschreiwung deelhuelen oder ëffentlech Subventioune kréien, ee Kollektivvertrag mussen hunn. Weider misst am Aarbechtsrecht drastoe kommen, datt d’Kollektivverträg musse verhandelt ginn, wann ee vun de Sozialpartner dat fuerdert.