Radioen

On air

Notturno  |  Karen Dalton - Something On Your Mind

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europäesche Rechnungshaff kritiséiert Transparenzreegelen an der EU

Lobbyismus

Europäesche Rechnungshaff kritiséiert Transparenzreegelen an der EU

Lobbyiste kënnen d‘Transparenzreegelen an der EU weider ëmgoen. Dat kritiséiert den europäesche Rechnungshaff. Gutt ee Joer nom Korruptiounsskandal am Europaparlament gesäit d‘Cour des Comptes vun der EU weider Schwaachpunkten am Ëmgang mat Lobbyisten. Si kéinten nach ëmmer Afloss op EU-Gesetzer huelen, ouni datt d‘Ëffentlechkeet et mierkt, huet den europäesche Rechnungshaff haut matgedeelt.

auto_stories

1 min

Cour des comptes | © Transparency International EU Office
Foto: Transparency International EU Office

E kritiséiert ënner anerem, datt d‘Reegelen am EU-Transparenzregëster net streng genuch wieren, well et fir bestëmmte Meetingen an Aktivitéite vu Lobbyisten et ëmmer nach net obligatoresch wier, dat an deem Regëster anzedroen.

Hannergrond ass de sougenannte Katar-Skandal vun 2022 am EU-Parlament. Déi belsch Justiz enquêtéiert géint déi an Tëscht ofgesate fréier Vizepresidentin vum EU-Parlament Eva Kaili a véier weidere Verdächtegen, am Zesummenhang mat engem presuméierten Afloss op politesch Decisioune bei der EU.