Radioen

On air

Notturno  |  James Holden - In The End You'll Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Josep Borrell fuerdert Sanktioune géint zwee israeelesch Regierungsmemberen

Kuerz virum EU-Ausseministertreffen

De Josep Borrell fuerdert Sanktioune géint zwee israeelesch Regierungsmemberen

Concernéiert wieren den israeelesche Finanzminister Bezalel Smotrich an den israeelesche Policeminister Itamar Ben-Gvir.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / NurPhoto | Celestino Arce

Déi zwee rietsextreem Koalitiounspartner vum Ministerpresident Benjamin Netanjahu hu rezent ëmstridden Aussoe géint Palästinenser:innen gemaach an ënnerstëtzen déi ëmstridde Siidlungspolitik am Westjordanland.

Als Sanktioune proposéiert de Josep Borrell d'Afréiere vu Verméigenswäerter an der EU an en Areesverbuet. Hie gehäit hinne Mënscherechtsverletzungen an Opruff zum Haass vir. Ob a wéini dës Propos ëmgesat gëtt, ass awer nach onkloer.