Radioen

On air

Notturno  |  James Holden - In The End You'll Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bréissel amplaz Budapest

EU-Ausseministeren tausche sech iwwer aktuell Sujeten aus

Bréissel amplaz Budapest

Den EU-Chefdiplomat Josep Borrell hat Mëtt Juli decidéiert, d'Reunioun vun den EU-Ausseministeren net zu Budapest, mee zu Bréissel ofzehalen; als Reaktioun op dem Premier Orban seng "Friddensmissioun". De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel war domat net d'accord an ass haut um Donneschdeg trotzdeem zu Bréissel mat dobäi.

auto_stories

2 min

Josep Borrell a Xavier Bettel um EU-Ausseministertreffen zu Bréissel | © Alexandros Michailidis
Foto: Alexandros Michailidis

De Xavier Bettel kann haut awer nëmme kuerz dobäi sinn, well hien aner Verflichtungen huet, esou säi Porte-parole.

De Xavier Bettel war géint d'Verleeë vun der Reunioun op Bréissel

"Ech fueren op Budapest." Dat hat de Lëtzebuerger Chefdiplomat Mëtt Juli gesot. D'Iddi vun engem Boykott vu Sitzungen, déi déi ungaresch EU-Presidence zu Budapest organiséiert, hat hien auslännesche Medie géintiwwer als "Schwachsinn" bezeechent. Zu Lëtzebuerg sot hien:

"Ech hu léiwer mir ginn dohinner a mir soen dem Ungar, wat mir dovun halen, wéi datt mir hien als Victime dohinner stellen. Léiwer ee gudden Echange, wéi eng Fuite."

Den Echange gouf och net evitéiert. En huet op enger Reunioun am Juli stattfonnt.

Borrell: Ungarescht Behuele muss Konsequenzen hunn

D'EU-Länner ware sech awer net eens, wéi ee sollt op dem Viktor Orban seng Visitt beim russesche President Putin an op seng Aussoe reagéieren. D'Decisioun louch zum Schluss beim Baussebeoptraagte vun der EU an deen huet net op Budapest, mee op Bréissel invitéiert.

"Et ass eng symbolesch Aktioun", esou de Josep Borrell. Vun der Iddi vun engem Boykott huet hie sech distanzéiert, mee de Fait, datt déi ungaresch Representanten, den Ausseminister inclus, ëmmer nees net loyal waren an d'EU als Krichspartei bezeechnen, misst Konsequenzen hunn. Och wann dat symbolesch formell Konsequenze sinn, "well a Wierklechkeet näischt geschéie wäert", esou de Spuenier.

Ukrain an Noen Osten am Mëttelpunkt

Déi ungaresch EU-Presidence huet de Schratt "kannereg" genannt - den ungareschen Ausseminister Peter Szijarto wäert awer, wéi eis d'Spriecher vun der EU-Botschaft confirméiert hunn, un der Reunioun haut deelhuelen. Um Programm steet een Echange iwwer déi aktuell aussepolitesch Sujeten - virop d'Ukrain an den Noen Osten.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa