Radioen

On air

Philo am Gespréich  |  D'Politik am Studio, ...

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nominatioun vum Christophe Hansen kéint Positioun vu Lëtzebuerg an de EU schwächen

Kritik vun der LSAP

Nominatioun vum Christophe Hansen kéint Positioun vu Lëtzebuerg an de EU schwächen

Nodeems de Luc Frieden gëscht bekannt gouf, datt hien de Christophe Hansen vun der CSV als Lëtzebuerger EU Kommissär nominéiert huet, kënnt de Mëtteg weider Kritik vun der LSAP.

auto_stories

1 min

Dës Nominatioun wier en eklatante Mangel u Respekt vun der Aarbechtsweis vun den europäeschen Institutiounen, an et wier eng riskant Decisioun, déi d‘Positioun vu Lëtzebuerg an Europa schwäche kéint, esou e Communiqué vun der LSAP.

D‘Sozialiste widerhuelen hir Meenung, datt an der EU Kommission eng strategesch Positioun fir de de Nicolas Schmit, Spëtzekandidat vun den europäsch Sozialisten, virgesi gewiescht wär, mee de Luc Frieden géif hei seng parteilech Interessen iwwert déi vum Land stellen. D‘LSAP kritiséiert och, datt de Premier net och nach eng Fra nieft dem Christophe Hansen proposéiert huet.