Radioen

On air

9 bis 1  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Neien Accord bei Coca-Cola Lëtzebuerg

OGBL

Neien Accord bei Coca-Cola Lëtzebuerg

Et wier ee gudden Accord, wéi den OGBL matdeelt. De kollektiven Engagement an de gewerkschaftlechen Asaz hätten sech gelount.

auto_stories

1 min

© Jonathan Weiss / Bigstock
(Foto: Jonathan Weiss / Bigstock)

Leschte Freideg nom Protestpiquet hätt d‘Direktioun vu Coca-Cola Lëtzebuerg prinzipiell den neie Kollektivvertrag ugeholl. Fir déi 70 Salariéë wier dat eng grouss Victoire: si kréien dëst Joer eng Primm vu 700 Euro, vun 2024 u kréien si, ënner anerem, en Dag Congé bäi an eng Augmentatioun vum Salaire, sou den OGBL.