Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Say Yes Dog - On And On

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ UN warnt viru Gewalteskalatioun an der kongoleesesch-ruandescher Grenzregioun

Demokratesch Republik Kongo

UN warnt viru Gewalteskalatioun an der kongoleesesch-ruandescher Grenzregioun

D’Lag am Oste vun der Demokratescher Republik Kongo spëtzt sech weider sou. Den UN-Mënscherechtskommissär Volker Türk warnt virun enger Eskalatioun vun der Gewalt an der ganzer Regioun. An de leschten Deeg huet eng Rebellegrupp d’Stad Goma iwwerrannt an op en neits d’Kontroll iwwerholl. Dobäi sollen UN-Zuelen no knapp 3.000 Mënschen ëm d’Liewe komm sinn. 

auto_stories

1 min

headphones

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Mike Campbell play_arrow
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Mike Campbell)

Den UN-Mënscherechtskommissär schwätzt op enger Spezialsëtzung vum UN-Mënscherechtsrot dovun, datt masseweis Persoune vergewaltegt ginn an op aner Aart a Weise sexuell mëssbraucht gi wieren.

Mënscherechtsaktivisten erzielen, datt si vu Rebellen an dem ruandesche Militär, déi sech géigesäiteg ënnerstëtzten, verfollegt ginn an ënnersträichen de Risiko, datt och Kanner fir de Militär rekrutéiert wäerte ginn.

Diplomatesch Vermëttlung bis elo ouni Succès

Am Kader vun där Spezialsëtzung vum UN-Mënscherechtsrot haut um Freideg zu Genf, fuerdert déi kongoleesesch Regierung eng international Enquête, souwéi konkret Mesurë géint d’Nopeschland Ruanda. Dat klengt Nopeschland vum Kongo soll der UN no, d’ Rebellegruppen am Osten vun der Demokratescher Republik Kongo ënnerstëtzen aus Interessi u wichtege Rostoffer, wéi Gold, Nickel a Koffer. Déi Demokratesch Republik Kongo selwer fuerdert, datt déi westlech Länner mat Sanktiounen Drock op Ruanda solle maachen.

Den UN-Generalsekretär Antonio Guterres rifft dozou op, d’Waffe falen ze loossen. Länner wéi Angola a Kenia versichen diplomatesch tëschent béide Länner ze vermëttelen, awer bis ewell ouni Resultat.

Zënter Januar sinn iwwer eng hallwe Millioun Leit op der Flucht.

Lauschterenplay_arrow