Radioen

On air

Mëttesrascht  |  John Grant - It's a Bit...Disconcerting

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Parricide vu Groussbus bleift ouni juristesch Konsequenzen

Mental Problemer beim Täter

Parricide vu Groussbus bleift ouni juristesch Konsequenzen

Den Doud vun enger Koppel am Alter vu 72, respektiv 73 Joer, virun annerhallwem Joer zu Groussbus bleift ouni juristesch Konsequenzen. Dat huet de Parquet haut matgedeelt.

auto_stories

1 min

© Eric Ewald
(Foto: Eric Ewald)

De Fiss vun der Koppel, een 33 Joer ale Mann, hat seng Eltere mam Auto iwwerrannt. Wärend déi Faiten erwise wieren, si beim Mann awer mental Problemer festgestallt ginn, sou datt hien net strofrechtlech verantwortlech ass.

Well déi Problemer bei Mann och haut nach unhalen, gouf de Mann placéiert an d‘Poursuite fale gelooss.