D’CSV-Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet, déi am Mëttelpunkt vun deene Reprochë vum OGBL steet, huet e Mëttwoch am 100,7-Moiesstudio uginn, datt d’Personaldelegatioun op der Gemeng sech vun de Virwërf distanzéiert hätt. An engem ëffentleche Bréif hunn och Mataarbechter:innen der Buergermeeschtesch ëffentlech de Réck gestäipt.
Schlecht Kommunikatioun?
Den Alain Rolling vum onofhängege Gewerkschaftsbond huet am 100,7-Interview reagéiert a gesot, datt den Zäitpunkt vun der Publicatioun vum Communiqué "komesch" gewiescht wier.
"Wat d'Aarbechtscherschaft ugeet, do fannen ech e bësse komesch den Zäitpunkt, deen do entaméiert ginn ass, direkt no engem Interview vun der Madamm Buergermeeschtesch, fir dee Communiqué ze publizéieren, wou dann och Reprochen un den OGBL erugedroe goufen, wou ech mir einfach soen, bei mech ass do ni ee komm fir mat mir driwwer ze schwätzen, fir dann ze soen, datt elo déi Concernéiert do sollen op eemol d'Übelteeter sinn."
Vu ville Leit wier der Gewerkschaft iwwer Mëssstänn an der Gemeng Conter bericht ginn, sou nach den Alain Rolling. Den OGBL hätt sech an dëser Affär un d‘Gesetz gehalen an seng gewerkschaftlech Aufgab erfëllt.
Lauschtert de ganzen Interview mam Alain Rolling.