search

/ Et wäert och an Zukunft net méiglech sinn, eng Urn doheem ze hunn

National

|
headphones

1 min

Et wäert och an Zukunft net méiglech sinn, eng Urn doheem ze hunn

EDe Piraten-Deputéierten Marc Goergen hat eng Gesetzespropose gemaach, datt et an Zukunft soll méiglech sinn, op Wonsch vum Verstuerwenen hin, d’Urn mat den Äschen och doheem versuergen ze dierfen. Déi Gesetzespropos gouf an der zoustänneger Chamberkommissioun net zeréckbehalen.

headphones

1 min

D’Regierung wier awer oppe fir eng Moderniséierung vum Gesetz aus dem Joer 1972 iwwer d’Anäscheren an d’Bäisetze vu Verstuerwenen. Dat Gesetz soll iwwerschafft ginn, dat huet den Inneminister Léon Gloden ugekënnegt.

Hien huet och annoncéiert, datt hien en eegene Gesetzesprojet wëllt ausschaffen, an deem d’Konditiounen festgehale ginn, wéi a wou eng Urn mat Äschen kann opbewaart ginn.