Radioen

On air

Spektrum  |  The Drin - Elude The Torch

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Héichwaasser: Ronderëm d'Sauer an d'Uelzecht kéint phase de vigilance ausgeruff ginn

Waasserwirtschaftsamt

Héichwaasser: Ronderëm d'Sauer an d'Uelzecht kéint phase de vigilance ausgeruff ginn

Mat knapp iwwer 5,24 Meter war de Moien den Héchststand op der Musel erreecht. D'Waasserwirtschaftsamt hat gëschter eng Héichwaasserwarnung erausginn. Mëttlerweil hu sech d’Peegele vun der Musel stabiliséiert. Et kéint awer sinn, datt d’Waasserwirtschaftsamt fir muer am Uelzechtanzuchsgebitt an am Saueranzuchsgebitt eng phase de vigilence ausrifft.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

© picture alliance/dpa | Lars Penning play_arrow
Illustratiounsbild: picture alliance/dpa | Lars Penning

D‘Biedem sinn iwwerall gutt gesiedegt, erkläert den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt Jean-Paul Lickes. Eleng am Mount Mäerz wieren 30 Prozent iwwer den übleche Reequantitéite rofkomm

„An et kann och sinn dass mir an deenen nächste 24 Stonnen nach relativ vill Reen nokréien. Dee Ree kann net méi an de Buedem anzéien.“

D'Peegele vun der Uelzecht a vun der Sauer gi vun de Reequantitéiten hei zu Lëtzebuerg beaflosst, wärend Peegele vun der Musel vum Reen an de Vogeesen beaflosst ginn, erkläert de Jean-Paul Lickes weider.

Wéi vill Reen a wéi engem Zäitraum?

Wéi vill Reen an den nächste Stonnen erofkënnt, dozou kann d’Waasserwirtschaftsamt zu dësem Zäitpunkt nach keng genee Previsioune maachen. Dat well déi zwou grouss Referenze vum Waasserwirtschaftsamt, Meteofrance an den däitsche Wiederdéngscht, den Ament nach net kohärent sinn. Zwar géif ee schonn ongeféier wëssen, wat fir eng Quantitéit Reen eroffale wäert, mee et wier entscheedend, a wéi engem Zäitraum dat geschitt.

“Well quasi alles wat fält, fënnt sech och an de Baachen an an de Flëss erëm. Mee wann d’Quantitéit an 8 Stonne fält, dann hu mir 3 mol déi Quantitéit an de Flëss, wéi wann si a 24 Stonne fält, well eben de Buedem komplett gesiedegt ass.”

Aus deem Grond kéint et ronderëm d’Sauer a ronderëm d’Uelzecht nach zu lokalen Iwwerschwemmunge kommen. Méi genee kéint een dat awer eréischt muer de Moie soen. Bis dohi kann een d’Situatioun op inondations.lu am A behalen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit