Radioen

On air

Notturno  |  Alexander Claffy - Jinriksha Feat. Kurt Rosenwinkel & Simon Moullier

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eric Thill: Openthaltsgeneemegung fir iranesche Kënschtler huet net vum Kulturministère ofgehaangen

No Ausweisung

Eric Thill: Openthaltsgeneemegung fir iranesche Kënschtler huet net vum Kulturministère ofgehaangen

No där ëmstriddener Ausweisung vum iranesche Kënschtler Alborz Teymoorzadeh ugangs Oktober preziséiert de Kulturminister Eric Thil,  eng Erneierung vum Kënschtler senger Openthaltsgeneemegung zu Lëtzebuerg hätt net vum Kulturministère ofgehaangen. Dat geet aus dem Minister senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun de grénger Deputéierter Djuna Bernard ervir.

auto_stories

1 min

© Eric Thill
Foto: Chambre des Députés

Zu der Fro, wéi laang de Kulturministère iwwert dëse Fall Bescheed wousst, ier de Kënschtler ausgewise gouf, preziséiert de Kulturminister och: Ugangs Juli schonn hätt e Jury dem Kënschtler seng Demande, fir en Atelier zu Buerglënster ze lounen, positiv aviséiert. De Kulturministère hätt dorop hin de Kënschtler kontaktéiert an hien no engem valabelen Titre de séjour gefrot, fir d‘Locatioun vum Atelier kënnen ofzeschléissen. Well d‘Prozedur fir d‘Erneierung vun där Openthaltsgeneemegung deen Ament nach am gaange war, hätt de Kulturministère dunn och bei der Immigratiounsdirektioun nogefrot, wéi laang dat nach dauere géif. D‘Immigratioun hätt deen Ament awer keng Informatioune kënne ginn.

Den Atelier zu Buerglënster hätt schliisslech un en anere Kënschtler misse verlount ginn, well den Alborz Teymoorzadeh dem Kulturministère eng Openthaltsgeneemegung net zur Zäit konnt virleeën, esou nach de Kulturminister Eric Thill.