D'Dréchent bréngt ville Bauere Kappzerbrieches. Dat huet awer net nëmme mat der Dréchent eleng, mee och mat de killen Nuechten ze dinn, wéi de Jean-Claude Muller, Uebst- a Geméisbauer vu Conter a President vum Landesuebstbauveräin erkläert.
"Déi Dréchent wäert hei an do beim Steenuebst e bësse Schued gemaach hunn. Ech war elo bei eis Kiischten a bei eis Mirabelle kucken, de Schued hält sech a Grenzen. Et muss een nämlech wëssen, datt wa Frascht ass, an de Buedem ass extrem dréchen, datt de Frascht vill méi schro ass, wéi wann de Buedem naass ass.
Een naasse Buedem, hätt eng gewëssen Energie, mat där en eng 2-4 Grad méi warm ass. Dat géif duergoen, fir Fraschtschued ze verhënneren.
Mat gréissere Schied rechent de Jean-Claude Muller net, genee kéint een dat awer eréischt soen, wann d'Recolte ufält.
Wënzer nach méi entspaant
Bei de Wënzer ass d'Lag momentan nach éischter entspaant. Wann d'Dréchent awer unhale géif, wat een net hofft, dierft et schwiereg ginn, nei Drauwestäck an deem haarde Buedem unzeplanzen. Déi kéinten dann och Problemer kréie fir sech gutt ze entfalen, esou de Marc Fiedler vum Institut-Vini-Viticole.
Datt sech duerch deen dréchene Buedem d'Vegetatioun net gutt entfale kann, ass och e Problem an eise Bëscher. Eng akut Bëschbrandgefor gesäit de Pascal Armborst vum Bëschservice vun der Naturverwaltung awer ze Lëtzebuerg nach net.
Well d'Musel kanaliséiert ass a mat Schleisen opgestaut gëtt, ass en ze déiwe Waasserniveau do kee Problem. Esou d'Ausso vum Miseler Schëfffaartsamt aus Däitschland. Anescht gesäit et um Rhäin aus. Do kënne Schëffer schonn net méi sou schwéier beluede fuere wéi dat üblech ass. Dat kéint sech dann indirekt och op de Schëffsverkéier op der Musel auswierken.