An de leschte Méint waren Déifdrockgebidder extreem dominant, seet de Luca Matthias vu Meteolux. Déi héich Temperaturen déi eis elo erwaarden, wieren awer näischt Besonnesches. Et wier net aussergewéinlech, datt et tëscht fraschtegen Temperaturen a mëllen Temperaturen hin- an hir schwankt.
"Dat ass eppes, wat an eise Regioune scho Gang und gebe ass, haaptsächlech och am Wanter, eebe wann Déifdrockgebitter dann erëm méi dominant ginn, mat enger Stréimung, déi aus dem Südweste kënnt."
Reng op de Klimawandel wieren déi héich Temperaturen am Februar also net zeréck ze féieren. An awer huet deen säin Impakt op wéi sech d’Wiederfront auswierkt. Déi selwecht aktuell Wiederlag hätt een och virun 30 Joer kënnen hunn. Da wieren d'Temperaturen awer net grad esou héich, erkläert de Luca Matthias.
"Da wiere mer vläicht bei amplaz 15 Grad esou ëm déi 12 Grad."
De Weekend also erwaarden eis summerlech Temperaturen. Ween awer lo mengt seng Mutz a säi Schal anzepaken, deen iert sech. D'Fréijoer wier nach net a Siicht, sou de Luca Matthias.
Dat hei ass elo éischter eng temporär Erwärmung. Ufank der nächster Woch, respektiv am Laf vun der nächster Woch, dierfen d’Temperaturen nees e bësse méi erofgoen.
Nächsten Dënschdeg ginn et viraussiichtlech nëmmen nach maximal 10 Grad, sou Meteolux. Och de Frascht kéint nach an den nächste Woche virum Fréijoer zeréck kommen.