arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Entwécklungsstéierunge bei Kanner sollen zukünfteg méi séier erkannt ginn

Gesondheetsministère

|
headphones

3 min

headphones

13 min

play_arrow

Entwécklungsstéierunge bei Kanner sollen zukünfteg méi séier erkannt ginn

Wa gesondheetlech Problemer net an den éischten 1.000 Deeg vun engem Kand entdeckt ginn, da besteet d’Gefor, datt d’Kand de Rescht vu sengem Liewen un de Suitte leide kéint. Elo wëll de Gesondheetsministère méi Sensibiliséierungsaarbecht maachen, fir all déi concernéiert Acteure méi opzeklären an esou och de Wee bis bei eng Diagnos ze verkierzen.

headphones

3 min

headphones

13 min

play_arrow
Dr. Sarah Scholtes, Cheffin vun der Divisioun vun der Médecine sociale, de la dépendance et de la santé mentale um Gesondheetsministère | © Morgane Weidi
Dr. Sarah Scholtes, Cheffin vun der Divisioun vun der Médecine sociale, de la dépendance et de la santé mentale um Gesondheetsministère (Foto: Morgane Weidi)

D'Konzept vun den éischten 1.000 Deeg gouf 1998 vum britteschen Dokter an Epidemiolog Barker opgestallt, erkläert d’Sarah Scholtes, d’Cheffin vun der Divisioun vun der Médicine sociale, de la dépendance et de la santé mentale vum Gesondheetsministère am 100,7-Interview. Deemools huet een d’Entwécklung vum Kand viru senger Gebuert suivéiert, fir den Impakt vun de Konditiounen am Bauch vun der Mamm an de Joren direkt no der Gebuert ze analyséieren.

Heibäi ass et virun allem ëm d’Fuerschung vu chronesche Krankheete gaangen. An den nächste Jore gouf eng wëssenschaftlech Etüd publizéiert, déi sech méi mam Theema vun den éischten 1.000 Deeg befaasst huet. An där gouf dann och d’Auswierkung vum Erlieften op d’Funktioune vum Gehier bei Klengkanner beluecht.

Servicer si momentan ausgelaascht

Aus deem Grond wier et wichteg, fir d’Verhale vum Kand am A ze behalen. Den CHL an de Service de Rééducation Précoce Hëllef fir de Puppelchen ASBL (SRP) bidde Consultatiounen un, seet d’Sarah Scholtes. Kanner am Alter tëschent 0 a 4 Joer kënnen hei Betreiung kréien am Fall, wou een opfällegt Verhalen observéiert ginn ass.

Dës Offer misst awer elo erweidert ginn, well d’Servicer fir Diagnostiken ze maachen ëmmer méi ausgelaascht géife gi. Dat wier immens wichteg, erkläert d’Sarah Scholtes, well am Fall wou esou eng Diagnostik net fréi genuch gemaach géif ginn, kéint dat betraffe Kand eng ganz Rei u Verhalensstéierungen entwéckelen. Esou kéint et och zu Problemer mam Gediechtnes, mat der Regulatioun vun den eegenen Emotiounen a mat de Sozialkompetenze kommen.

Déi éischt Joer vum Klengkand wieren dofir immens wichteg fir seng zukünfteg Entwécklung.

Eng gréisser Offer un Hëllefs-Servicer

Bei dëser Initiativ vum Gesondheetsministère geet et virun allem dorëms, den Dokteren an den Experten um Feld Formatiounen unzebidden, déi hiert Wëssen nees opfrëschen, seet d’Sarah Scholtes.

Och d’Eltere géifen natierlech eng wichteg Roll spillen, wann et ëm d’Gesondheet vun hire Kanner geet. Et wier awer heiansdo schwéier fir d’Elteren d’Verhalensstéierunge vun hire Kanner fréizäiteg ze erkennen, well een d’Tendenz hätt als Eltere sech un d’Situatioun ze adaptéieren, fir sengem Kand dat beschtméiglecht Ëmfeld ze garantéieren.

Aus deem Grond wier et och gutt, wann ee sech den Avis vun Experten zur Hëllef siche géif. Dës Prozedur wéilt een och méi einfach maachen an och erweideren, beispillsweis andeems een de Mammen a bestëmmte Situatioune méi Hëllef doheem ubidde kéint, erkläert d’Sarah Scholtes.

D’Iddi wier et, bis zum Enn vum Joer 2025 d’Formatioune mat den Dokteren an de Spezialiste gemaach ze hunn, an eng Filière op d’Been ze stellen, déi de Parcours duerch de System accessibel maache soll fir jiddwereen.

Och goufe schonn Demandë gemaach fir d’Capacitéite vum Service Hëllef fir de Puppelchen ze vergréisseren, seet d’Sarah Scholtes. An enger nächster Etapp wéilt een eng nei Zell etabléieren, déi e Regruppement vun de Professionellen erméiglecht, déi sech ëm d’Interventiounen am Precoce këmmere wäerte fir datt ee fréizäiteg Diagnostiken, Rehabilitatioun a Reeducatioun maache kann.

Deen neie Service, deen am Joer 2026/2027 fäerdeg opgestallt gi soll, soll och zukünfteg de bestoende Servicer an deem Beräich eng Ënnerstëtzung sinn. 

play_arrow Lauschteren