arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'ALVA rifft eng weider Puddermëllech fir Puppelcher zeréck wéinst Verdacht op Gëftstoff

Liewensmëttel

|
reading time

1 min

D'ALVA rifft eng weider Puddermëllech fir Puppelcher zeréck wéinst Verdacht op Gëftstoff

D'Liewensmëttel- a Veterinärverwaltung ALVA rifft d'Puddermëllech Aptamil Pronutra 1 vun der Mark Aptamil zeréck. Dat, well méiglecherweis de Gëftstoff Céréulide dran ass.

reading time

1 min

© picture alliance / dpa Themendienst | Andrea Warnecke
(Foto: picture alliance / dpa Themendienst | Andrea Warnecke)

Et gëtt, wéi bei de Mëlleche virdrun och schonn, geroden, direkt bei den Dokter ze goen, wann de Puppelchen, nom Drénken, Duerchfall kritt oder sech iwwergëtt. Dat sinn d‘Haaptsymptomer, déi no enger hallwer Stonn a bis zu 6 Stonne kënnen optrieden.