arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Depistage fir Hypercholestérolémie familial bei Kanner

Gesondheet

|
headphones

2 min

headphones

5 min

play_arrow

Depistage fir Hypercholestérolémie familial bei Kanner

An Zukunft kënnen Elteren hir Kanner mat 18 Méint drop teste loossen, ob se ze vill héije Cholesterol hunn. Genee geet et hei ëm déi genetesch Veranlagung mat där de Kierper de schlechte Cholesterin net aus dem Blutt erausgeet. Doduerch leeft een de Risiko, datt d’Bluttgefäässer verstoppen.

headphones

2 min

headphones

5 min

play_arrow
Virun der Press huet d'Gesondheetsministesch den Depistage fir Hypercholestérolémie familiale presentéiert.
Virun der Press huet d'Gesondheetsministesch den Depistage fir Hypercholestérolémie familiale presentéiert.

Hypercholestérolémie familiale (HF) heescht déi Veranlagung. Am Duerchschnëtt huet se eng Persoun op 250. Onbehandelt féiert se dozou, datt ee schonn am jonken Alter, also mat 30, 40 Joer een Häerzinfarkt oder Hiereschlag erleide kann, erkläert Dr. Marianne Becker, pediatresch Endokrinologin am CHL.

Depistage kann den Ament op zwou Plazen am Land gemaach ginn

Grad an engem jonken Alter gëtt een héije Cholesterinwäert net ëmmer eescht geholl, gëtt d’Marianne Becker ze bemierken.

"Es gibt Studien, die ganz klar zeigen, wenn man das schonn früh anfängt zu behandelen, von der Kindheit an, dann entwickeln diese Menschen keine kardiovaskulären Erkrankungen. Also, man kann wirklich den frühen Tod verhindern."

Mam systemateschen Depistage vu klenge Kanner wëllt een deem virgräifen. Soubal ee Kand hei am Land 18 Méint huet, ginn d’Elteren ugeschriwwe fir ee Rendez-vous ze maachen. An enger éischter Phas wäert just an der Stater an an der Escher Maison médicale méiglech sinn. Vum nächste Joer u soll den Test och zu Ettelbréck ugebuede ginn.

Medikamenter fir eng normal Liewenserwaardung

Den Test besteet aus engem klenge Blutttest, mat engem Pick an de Fanger. D’Resultat huet ee scho puer Minutten drop. Sollt dee positiv sinn, kann ee sech d’Resultat an enger genetescher Analys confirméiere loossen.

An deem Fall kënne sech dann och d’Elteren oder eventuell Geschwëster teste loossen, well et jo eng genetesch Krankheet ass.

D’Behandlung ass medikamentéis. Déi Medikamenter kréie Kanner awer réischt vu sechs Joer un. Dës Medikamenter garantéieren déi selwecht Liewenserwaardung, wéi wa si keen HF hätten. Mee et wäert ee se säi Liewe laang huele mussen.

Och Kanner iwwer 18 Méint oder Erwuessener kënne bei hirem Generalist froen, fir eng Bluttanalys gemaach ze kréien.

play_arrow Lauschteren