arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU verstäerkt Kontrollen: Ueleg wuel responsabel fir Belaaschtung vu Puddermëllechen

Liewensmëttel

|
headphones

1 min

EU verstäerkt Kontrollen: Ueleg wuel responsabel fir Belaaschtung vu Puddermëllechen

D‘EU waert den Import vun engem Grondprodukt vu Bebemëllech aus China vun muer un méi strikt kontrolléieren. Betraff ass e gewëssen Ueleg, dee wéinst senger Saier fir déi Mëllech gebraucht gëtt.

headphones

1 min

© picture alliance / dpa Themendienst | Andrea Warnecke
(Foto: picture alliance / dpa Themendienst | Andrea Warnecke)

Et gëtt ugeholl, dass dëse Produit responsabel war fir d‘Belaaschtung vu Puddermëllech an der EU. Deemno soll elo all zweet Liwwerung kontrolléiert ginn.

Rezent waren ëmmer nees Puddermëlleche vu verschiddene Marken zeréck gezu ginn. Dat, well d'Gefor bestoung, datt d'Puppelcher nom Drénken krank kéinte ginn.