arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bis ewell kee Puppelchen zu Lëtzebuerg krank wéinst contaminéierter Puddermëllech

Liewensmëttelsécherheet

|
headphones

1 min

Bis ewell kee Puppelchen zu Lëtzebuerg krank wéinst contaminéierter Puddermëllech

Et gouf bis elo kee Fall vun engem Puppelchen, deen duerch contamineiert Puddermellech krank gi wier, deelt de Gesondheetsminisère mat. Et hätt awer dräi Verdachtsfäll ginn.

headphones

1 min

© picture alliance / dpa Themendienst | Christin Klose
(Foto: picture alliance / dpa Themendienst | Christin Klose)

No enger Analyse wier et awer d‘Conclusioun gewiescht, datt et keen Zesummenhang mam Gëftstoff Cereulid gouf.

Rezent vill Warnungen 

De Ministère huet viru falschen Informatioune gewarnt, déi an de soziale Medien zirkuléiere géifen. Et sollt ee sech strikt un déi offiziell Recommandatiounen an un d‘Recommandatioune vu sengem Dokter halen, esou de Ministère. 

Zënter e puer Woche ginn ëmmer nees Puddere fir Puppelchersmëllechen zeréckgezunn. Dat, well Céréulide dra kéint present sinn. Déi Substanz gëtt duerch de Bazill Cereus produzéiert, a ka bei Puppelcher Krankheeten ausléisen.

Déi ganz Lëscht vun de betraffene Mëlleche fannt Dir um Site vun der Liewensmëttelverwaltung