arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ALVA: Weider Warnunge wéinst Puddermëlleche fir Puppelcher

Liewensmëttel

|
headphones

1 min

ALVA: Weider Warnunge wéinst Puddermëlleche fir Puppelcher

D’Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung huet eng weider Meldung erausginn, wéinst Puddermëllech fir Puppelcher an där eventuell kéint Céréulide present sinn. Déi Substanz gëtt duerch de Bazill Cereus produzéiert, a ka bei Puppelcher Krankheeten ausléisen.

headphones

1 min

© picture alliance / Christin Klose | Christin Klose
(Foto: picture alliance / Christin Klose | Christin Klose)

Konzernéiert vun dëser Alerte ass des Kéier de Produit Aptamil vun der Marque Pronutra. 

Eng Warnung no der anerer

Gëschter um Samschdeg réischt hat d'ALVA eng weider Warnung lancéiert wéinst der Puddermëllech vun de Marken Laboratoire Gallia an dem Produit Lait infantiles Calisma Premier et Deuxième Age. 

Weider Produiten ginn och aus dem Marché zeréckgeruff, bei der Marque Bledina ass et de Bledilait fir Kanner tësccht 0 an 6 Méint.

Verschidde Produiten Pronutra vun der Marque Aptamil an der Marque Nutrilon sinn och konzernéiert. 

Net déi eenzeg betraffe Puddermëllechen 

Et ass eng ganz Rei u Puddermëllechen, déi zënter e puer Deeg zeréckgeruff ginn. Ëmmer nees gëtt gewarnt, et kéinte sech toxesch Gëftstoffer an der Mëllech befannen. D'ALVA huet d'Grenzwäerter ugepasst a ka lo méi Kontrollen duerchféieren. 

Déi ganz Lëscht vun de Puddermëllechen, déi fir den Ament zeréckgeruff sinn, fënnt een um Site vun der Liewensmëttelverwaltung