D'Fusioun, déi iwwer d'Brasserie-Nationale-Duechtergesellschaft Munhoven ofgewéckelt gëtt, hat Konkurrenz-Bedenken ausgeléist, well et déi zwee gréisst Gedrénks-Distributeure fir Hoteller, Restauranten a Caféen zu Lëtzebuerg zesumme bréngt.
Fir d'Konkurrenz am Secteur zu Lëtzebuerg ze erhalen, ass d'Konditioun elo déi, datt d‘Betriber sech vum gréissten Deel vum Hotel-, Restaurant- a Cafés-Geschäft vu Boissons Heintz trennen. Andeems si där Konditioun zougestëmmt hunn, wieren d'Bedenken elo aus dem Wee geraumt, esou d'EU Kommissioun.
En onofhängege Curateur wäert d'Ëmsetze vun den Oploen iwwerwaachen, wärend d'Kommissioun an enger separater Prozedur gëeegente Keefer wäert autoriséieren, fir d'Geschäfter, vun deene sech getrennt gëtt.