Vertrieder vun déi gréng, der LSAP an déi Lénk schwätzen am 100,7-Interview vun enger politescher Entscheedung déi deene schwächsten an der Gesellschaft géif schueden an déi an hirer Ëmsetzung ganz vill Froe géif opwerfen.
Wat huet sech geännert?
D'Decisioun vum deemools nach LSAP-gefouerten Inneministère, dat geplangten Heescheverbuet vum Stater Gemengerot net ze approuvéiere geet op Mëtt Mee dëst Joer zréck. Kuerz virun de Gemengewalen hat déi juristesch Analys deemools erginn, datt déi entspriechend Dispositioun am neie Stater Policereglement géint national an international Reegele géif verstoussen.
"Wat huet sech geännert par Rapport zum leschten Avis vum Inneministère, wou lo den neie Minister a knapps engem Mount lo eng viregt Decisioun einfach ewech stéisst? Ass dat ee Message vun der Droitisatioun vun eiser lokaler an nationaler Politik? Warscheinlech."
Reagéiert de de Stater LSAP-Conseiller Gabriel Boisanté op de Revirement.
François Benoy: Punkten am Avis nach ëmmer pertinent
Och de grénge Conseiller François Benoy schwätzt vun enger politescher Decisioun vum CSV-Minister Léon Gloden a verweist op d‘Argumenter déi deemools am Avis stoungen. Déi wieren nach ëmmer pertinent
"D‘Mendicitéit ass zu Lëtzebuerg net verbueden, donieft gëtt et een Urteel vun der Cour des droits de l‘Homme zu Stroossbuerg, dee seet datt et erlaabt ass."
Fir de François Benoy, wier d'Proportionalitéit hei net ginn, well d‘Heeschen, déi ëffentlech Uerdnung net därmoosse géif stéieren, datt se misst ënnerbonne ginn.
Problemer an der Ëmsetzung
Wéi soll d‘Police d‘Reglement lo iwwerhaapt ëmsetzen, froe béid Politiker. D‘Decisioun wier kee Kaddo fir déi betraffe Beamten.
"Wat maachen d‘Polizisten, setzen se d‘Leit an de Prisong, gi se hinnen eng Amende déi se souwisou net kënne bezuelen?
De François Benoy rifft de Stater Schäfferot iwwerdeems op, um Terrain hir Verantwortung ze huelen, an dofir ze suergen, datt déi sozial Zerwisser déi Leit déi Hëllef brauchen och wierklech kennen opfänken.
Nathalie Oberweis: Revirement ass schockant
D‘Nathalie Oberweis vun déi Lénk ass der Meenung datt d‘Justiz d‘Legalitéit vun der Decisioun misst iwwerpréiwen. De Revirement wier schockant.
"Mir froen eis ob wéi enger legal Basis de Minister sech berifft. Mir si schockéiert well Interdictioun deenen Äermsten dat ewechhëlt wat se hunn."
Mat der ADR begréisst awer och eng Oppositiounspartei d‘Decisioun. Wichteg wier datt, een Heescheverbuet lo konsequent géif ëmgesat ginn, sot de Conseiller Tom Weidig, deen awer och gläichzäiteg feststellt, datt sech nach misst weisen, wéi Ëmsetzung vum Reglement genee soll ausgesinn.