Radioen

On air

Tockcity  |  DJ Koze, Ada - Unbelievable

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Eng Reserve vu Medikamenter fir Enkpäss ze evitéieren

Santé

Eng Reserve vu Medikamenter fir Enkpäss ze evitéieren

Fir Liwwer-Enkpäss wei a COVID-Zäiten ze evitéieren, diskutéieren d’Gesondheetsautoritéiten zu Lëtzebuerg iwwer e Pilotprojet fir d’Ariichtung vun enger nationaler Reserve u Medikamenter. Bis ewell, well de Ministère keng weider Informatiounen zum Projet eraus ginn.

auto_stories

1 min

Den Alain de Bourcy, President vun der nationaler Gewerkschaft vun den Apdikten, schwätzt sech fir esou eng Reserve aus, besonnesch fir verschidden Antibiotiquen a Medikamenter fir Kanner.

“Datt een deenen net muss herno an der Mëtt vum Wanter oder ronderëm Feierdeeg, deene muss nolafen, dat wär intelligent an iwwerluecht vun Säite vun eise Gesondheetsautoritéite fir dat ze maachen. Panik, mengen ech, ass net ubruecht an ech menge mir si bis elo nach ëmmer der duerchkomm an d ‘Situatioun ass net esou, dass ee misst extreemst alarmistesch sinn.”

Lauschterenplay_arrow

Den Alain de Bourcy ass och an der Aarbechtsgrupp Santé bei de Koalitiounsverhandlunge fir d’CSV vertrueden. Hien weist sech optimistesch, datt de Projet net op daf Ouere géing stoussen.