Radioen

On air

Notturno  |  Nashville Ambient Ensemble - Horizon

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ E-Zigaretten: Vu 45 Produite waren der 27 net richteg etiquetéiert

Ëmweltverwaltung

E-Zigaretten: Vu 45 Produite waren der 27 net richteg etiquetéiert

D’Ëmweltverwaltung mécht drop opmierksam, datt et Mängel beim Etiquetage a bei der Notifikatioun vu verschidden E-Zigarette gëtt.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / Geisler-Fotopress | Burkhard Schubert/Geisler-Fotopr

D’Ëmweltverwaltung huet 45 Echantillone vun elektreschen Zigarette kontrolléiert aus 11 verschiddene Geschäfter. Bei 27 Produite war den Etiquetage mangelhaft. 20 Echantillone waren net reegelkonform, well zum Beispill keng Pictogrammen drop waren oder well d‘Etiketten net an de Landessproochen, also op Däitsch oder Franséisch, geschriwwe waren. Déi Produiten dierfen net méi verkaf ginn. D’Lëscht vun de konformen, respektiv net-konforme Produiten ass um Site vun der Santé ze fannen.