arrow_back_ios

article

article

/ Ëmweltministère mat positivem Bilan no ëffentlecher Consultatioun zum Klimawandel

Ëmweltpolitik

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Ëmweltministère mat positivem Bilan no ëffentlecher Consultatioun zum Klimawandel

Den Ëmweltministère zitt ee positive Bilan vun der ëffentlecher Consultatioun zur Strategie fir d'Upassung un de Klimawandel: Am Ganze goufen an enger éischter Phas 250 Propose vun ëffentlechen Acteuren, privatwirtschaftlechen Organisatiounen an der Zivilgesellschaft ënner d'Lupp geholl.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance/dpa | Markus Scholz
(Foto: picture alliance/dpa | Markus Scholz)

Bal all déi Propose wieren an déi Strategie integréiert ginn, fir sech dem Klimawandel unzepassen. Bei fënnef Ateliere wou d’Bierger:inne consultéiert goufen, koumen 107 nei Virschléi dobäi, huet de Minister Serge Wilmes bei der Presentatioun vun de Resultater vun där participativer Consultatioun preziséiert. 

No der Analys vun deenen 107 Proposen duerch d’Ministèrë sinn 21 nei Moossnamen an d‘Strategie opgeholl ginn an 28 scho bestoend Mesurë wieren duerch d‘Propose verstäerkt ginn. 

Educatioun beim Theema Klimawandel stäerken

D’Zil vun der Strategie ass et an enger Rei Beräicher sech u Situatioune wéi Iwwerschwemmungen, Dréchent oder d’Canicule kënnen unzepassen. Et geet dobäi ëm de Schutz vun de Leit an den Infrastrukturen, d’Erhale vun den Ekosystemer a vun den natierleche Ressourcen.

Och déi sozial Situatioun soll ënner d’Lupp geholl ginn. Proposéiert gouf iwwerdeems d’Educatioun zum Theema Klimawiessel ze verstäerken, wéi den Ëmweltminister Serge Wilmes betount.

"Do geet et wierklech drëms d'Versteesdemech ze kréien, fir wat sinn d'Klimarisiken, an dat ze stäerken, fir eng ganz Kultur, vu jonkem Alter un, vun der Upassung ze schafen, well mir wäerte mat där Upassung liewe mussen. Dat ass net eppes, wat elo einfach an den nächste Joren ze maachen ass an da géif erëm verschwannen. De Klimawandel ass eppes, wat lues komm ass a mir wäerten och lues herno stabiliséiert kréien oder erofkréien. Dat geet also iwwer Joerzéngten."

"Muss een haut handelen"

Fir d’Schied wéinst Naturkatastrophen ze reduzéieren, misst een haut handelen, esou de Serge Wilmes.

"Dat wat elo mir net maachen, déi Käschten, déi mir elo net prett sinn ze decken, déi Depensen, déi mir elo net prett sinn ze maachen, déi wäerten an 10 bis 15 Joer eis dat dräi- bis véierfacht kaschten."

D‘Strategie soll elo an enger nächster Phas fäerdeg vertext ginn an dann am Regierungsrot ugeholl ginn. All déi Moossname sollen am Prinzip bis 2035 ëmgesat ginn. Iwwerdeems soll ee Monitoring agesat ginn, fir de Prozess ze suivéieren.

play_arrow Lauschteren