Radioen

On air

Notturno  |  Maz Univerze - Eyeliner

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ëmstridden EU-Asylreform soll haut ugeholl ginn

Méi Kontrollen a Limitten

Ëmstridden EU-Asylreform soll haut ugeholl ginn

Déi ëmstridden EU-Migratiouns- an Asyl-Reform soll haut definitiv bei engem Ministerrot zu Bréissel ugeholl ginn. D‘EU Parlament hat de Pak vun am Ganzen 10 Gesetzer schonn am Abrëll ugeholl.

auto_stories

1 min

Europäesch Kommissioun | © EC - Audiovisual Service
Foto: EC - Audiovisual Service

D‘Migratioun an der EU soll méi staark limitéiert a kontrolléiert ginn. Ënner anerem sollen nei Prozeduren un den EU-Baussegrenzen ageféiert gi fir Migranten, déi kéng Chance hunn, Asyl ze kréien, zeréck an hir Heemechtslänner kënnen ze schécken.

Et soll och en neie Solidaritéits-Mechanismus tëscht de 27 EU Länner geschaf gi fir d‘Prise en charge vun Asyldemandeuren.