Radioen

On air

Simon Says  |  The Drums - Days

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Serge Wilmes: Ëmmer méi Leit schaffe fir de Staat

Fonction Publique

Serge Wilmes: Ëmmer méi Leit schaffe fir de Staat

An de leschten dräi Joer sinn an der Moyenne 657 Persounen an der Fonction publique an d’Pensioun gaangen. Dat geet aus der Äntwert vum Minister fir d’Fonction publique ervir op eng parlamentaresch Fro vun der DP iwwer d’Entwécklung vum Rekrutement an der Fonction publique.

auto_stories

1 min

Serge Wilmes | © Chris Zeien
Serge Wilmes (Foto: Chris Zeien)

Op den 31. Dezember d’lescht Joer waren eppes iwwer 3.000 Beamten am Staatsdéngscht iwwer 56 Joer al, Ronn 500 dorënner hate méi ewéi 60 Joer, esou de Serge Wilmes a senger Äntwert. An de leschte Jore wier d’Personal beim Staat vill gewuess, mat méi ewéi 1.500 Persoune pro Joer. Generell géif et ee grousse Personalbedarf beim Staat ginn. Ënnert anerem am Beräich vun der Educatioun, bei der Police, an der Informatik an an de Finanzen. D’Zuel vun den Handwierker, déi am Staatsapparat schaffen, wier iwwerdeems an de leschte Jore stabel bliwwen.