search

/ Emmanuel Macron: EU muss méi souverän ginn, fir mat China an den USA mathalen ze kennen

Frankräich

|
headphones

1 min

Emmanuel Macron: EU muss méi souverän ginn, fir mat China an den USA mathalen ze kennen

De franséische President Emmanuel Macron hätt gären, datt d‘EU méi Investitiounen a méi gemeinsam Scholde mécht, fir wirtschaftlech mat China an den USA kënne matzehalen.

headphones

1 min

De franséische President Emmanuel Macron | © EPA/THOMAS SAMSON / POOL MAXPPP OUT
De franséische President Emmanuel Macron (Foto: EPA/THOMAS SAMSON / POOL MAXPPP OUT)

Virum informellen EU-Sommet iwwer Kompetitivitéit huet den Emmanuel Macron an Interviewe am Le Monde an an der Süddeutschen Zeitung gesot, datt Europa méi souverän misst ginn, méi wéi eng Muecht misst denken a seng Economie misst schützen, fir sech vis-à-vis vu China an den USA ze behaapten.

Wann näischt géif gemaach ginn, wier Europa a fënnef Joer weggeblosen, esou de Macron. De franséische President huet och op en Neits dofir plädéiert, méi an d‘Defense an d‘Sécherheet, awer och an nei Technologien an ekologesche Wandel an a kënschtlech Intelligenz ze investéieren.

D‘EU géif do vill manner investéieren wéi China an d‘USA.