Um Bord vum Sommet soll eng Decisioun iwwer de Mercosur-Accord geholl ginn. Frankräich huet gefuerdert, datt dat op de Januar verluecht gëtt.
Fir de Kriticke vu Frankräich an anere Länner entgéintzekommen huet d‘EU-Parlament sech elo fir e Mechanismus ausgeschwat, mat deem d‘Douanestaxen, déi mam Accord géifen ewechfalen, am Noutfall nees kéinten ageféiert ginn. Dat, wann d‘Importer vu Rëndfleesch, Zocker an anere Produiten aus de Mercosur-Länner d‘Präisser an der EU ze vill géifen erofdrécken.