Zënter 8 Joer wieren de President Emmanuel Macron a seng Regierungen net entscheedend géint den Handelsaccord mat de südamerikanesche Länner virgaang. Elo hätt ee sech zu Bréissel blaméiert.
Dat sot d’Cheffin vun der Lénkspartei LFI, d’Mathilde Panot, gëschter um Freideg no der Annonce, datt eng Majoritéit vun EU-Memberen dem Accord zoustëmmt.
RN: Regierung ze passiv
Och de Chef vum rietsextremen RN, de Jordan Bardella, huet änlech Téin ugeschloen an d’Regierung schaarf kritiséiert, well si ze passiv an hirer Oppositioun gewiescht wier.
Béid Parteien hunn dofir Mësstrauensvotten agereecht, déi an der nächster Woch wäerten debattéiert ginn.
Neiwale schonn an der Preparatioun?
Wéi franséisch Medie mellen, hätt eng Source aus Regierungskreesser confirméiert, datt de Premier Sébastien Lecornu fir de Fall vun enger Chute vu senger Regierung schonn Neiwale plangt. De Premier hätt den Inneminister beoptraagt, eventuell Neiwalen ze preparéieren, déi zesumme mat de Gemengewalen de 15. bis 22. Mäerz géinge stattfanne.
Op X hat de Lecornu op d’Mësstrauensvotte reagéiert a gesot, esou zynesch parteipolitesch Positioune géingen d’Budgetsdiskussioune weider blockéieren.
Sozialiste dreeën der Regieurng, si ofzewielen
De Wirtschaftsminister Roland Lescure war gëschter um Freidegowend Invité op BFMTV a sot, d’EU-Parlament kéint de Mercursur nach verhënneren.
Déi zwee Mësstrauensvotten nächst Woch wäerten net déi eenzeg bléiwen: Beim Budget kommen der wuel nach dobäi, déi och méi Chance hunn, gestëmmt ze ginn.
De Sozialistechef Olivier Faure sot gëschter, bei engem schlechte Budgetstext géing een d’Regierung ofwielen.