De Veggie-Burger dierf och an Zukunft an der EU weider esou heeschen. De Versuch Nimm wéi “Burger” oder “Wurscht” fir vegetaresch oder vegan Produiten ze verbidden, ass gescheitert.
D’Demande fir esou e Verbuet war aus dem Europaparlament komm, am Kader vun enger Reform vun der europäescher Reglementatioun fir den Agrarmarché.
Nimm dierfe sech just net op Déiere bezéien
Eng Majoritéit aus meeschtens konservativ a rietsextreemen Deputéierten aus dem Europaparlament hat sech dofir agesat, datt planzebaséiert Produiten net dierften Nimm hunn, déi och fir Fleesch gebraucht ginn.
D’Europäesch Kommissioun hat iwwerdeems proposéiert, datt just Bezeechnungen, déi sech direkt op een Déier bezéien, wéi “Poulet”, “Rand” oder “Schwäin” net méi dierfte fir Veggie-Produite benotzt ginn. Op déi Propos hu sech gëschter schlussendlech d’EU-Länner an d’Europaparlament gëeenegt.
Och “Liewer” oder “Steak” oder “Strëmpel” dierfe just fir Fleesch benotzt ginn. Par contre dierfen Nimm wéi “Burger”, “Wurscht”, “Schnitzel” weider op de Päck vu vegetareschem Iesse stoen.