arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ënnerstëtzung vu Bauere wéinst Präisser vum Dünger soll Sujet bei der Tripartite sinn

Landwirtschaft

|
reading time

4 min

Ënnerstëtzung vu Bauere wéinst Präisser vum Dünger soll Sujet bei der Tripartite sinn

Am 100,7-Interview erkläert d'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen, datt virun allem wärend der Tripartite soll gekuckt ginn, wéi déi vun der EU geplangte Sue fir d'Baueren an d'Landwirten national solle verdeelt ginn.

reading time

4 min

D'Martine Hansen  | © European Union
D'Martine Hansen (Foto: European Union)

Den EU-Kommissär fir Landwirtschaft, de Christophe Hansen, huet d'lescht Woch ugekënnegt, datt d'Europäesch Kommissioun wëlles huet, d'Bauere wéinst den héijen Düngemëttel-Präisser ze ënnerstëtzen. Wéi vill Sue genee sollen ausbezuelt ginn, ass nach net gewosst, mee rieds geet vu 400 Milliounen Euro op EU-Niveau. 

Ugekënnegte Montant net héich genuch

Fir d'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen geet dat net duer. 

"Dat héiert sech no vill un. Wann ech dat awer op Lëtzebuerg zeréckrechnen, da wiere mir bei 400.000 Euro fir eis gesamt Landwirtschaft. Dat sinn, soen ech mol, 3,3 Euro den Hektar." 

Zu Bréissel hun en Dënschdeg d’Agrarministeren aus de 27 EU-Länner iwwer den europäeschen Aktiounsplang diskutéiert. D’Martine Hansen war op der Reunioun mat derbäi.

Si kritiséiert, datt bis ewell de geneeë Montant vun den EU-Hëllefen grad ewéi d'Verdeelung tëschent de Member-Länner net genannt gouf.

Keen Drock op den EU-Kommissär

Wat genee erwaart sech d’Martine Hansen vun hirem Cousin a Parteikolleeg Christophe Hansen?

"Ech well keen Drock op hien opbauen", esou d’Äntwert vun der CSV-Minstesch. Si wier fest iwwerzeegt, datt hie säi Bescht mécht, fir d’Baueren ze ënnerstëtzen. Et bestéing de Risiko, datt d’Bauere wéinst den héije Präisser vun den Düngemëttelen déi nächst Saison manner produzéieren, esou d’Lëtzebuerger Agrarministerin an engem ëffentlechen Debat op der Reunioun zu Bréissel.

A wéi engem Beräich dee Réckgank vun der Produktioun zu Lëtzebuerg ze erwaarden ass, huet d’Martine Hansen net genee preziséiert. Si huet drop higewisen, datt d’Präisser am Kärberäich niddereg sinn an d’Schéier tëscht Produktiounskäschten a Recetten ausernee geet.

Diskussiounen an der Tripartite 

Wéi eventuell EU-Suen zu Lëtzebuerg verdeelt ginn, ass nach net kloer.

Et misst een elo mol waarden, wéi eng Annoncë vu Bréissel kommen. Hire Berechnungen no bezillt ee landwirtschaftleche Betrib an der Moyenne 12.000 Euro fir mineraleschen Dünger. Do géif sech eng Augmentatioun vu bis zu 40 Prozent beim Präis undeiten, esou d'Martine Hansen. 

"Da muss een natierlech kucken, a wéi enge Beräicher ënnerstëtzt een déi. Ënnerstëtzt een den Dünger oder ënnerstëtzt een d'Liquiditéit, an esou weider."

Landwirtschaft wäert duerch de President vun der Landwirtschaftskammer Christian Hahn an der Tripartite vertruede sinn, krute mir op Nofro vum Ministère confirméiert. 

An do misst een déi Diskussiounen och féieren, esou d'Ministesch. Si wéilt deene Gespréicher net virgräifen. 

"Awer wat ech ganz wichteg fannen, dat ass, datt mir verhënneren, datt mir an Zukunft nach eng Kéier an esou Situatioune kommen. Datt mir manner ofhängeg gi vum Düngerimport, well dat ass extreem wichteg." 

Manner Dünger ass net d'Prioritéit

An der EU hätt ee virop organeschen Dünger, an deem och all néideg Närstoffer dra wieren, esou d'Martine Hansen. 

"Dee mineraleschen Dünger, deen ass op vill fossil Energie opgebaut, a wa mir déi Organik, déi mir an der EU hunn, besser kënnen notzen a vill méi effizient do kënnen asetzen, da gi mir manner ofhängeg vun dësen Importer." 

Op manner Dünger setzen ass an den Aen vun der Landwirtschaftsministesch net déi richteg Optioun. Duerchaus géif ee weiderhin déi ënnerstëtzen, déi op manner Dünger setzen an doduerch manner Ertrag hunn, mee: 

"Europawäit gesinn, musse mir eis bewosst sinn, datt mir gären eng Liewensmëttelproduktioun hätten, an net nëmmen ënnerstëtze fir manner ze maachen." 

Déi Europäesch Kommissioun wäert den 10. Juni eng Propos fir ee "Budget récréatif" maachen, aus deem ervirgeet, wéi vill zousätzlech Aidë fir d'Bauere kënnen zur Verfügung gestallt ginn. Dat huet den EU-Agrarkommissär Christophe Hansen op enger Pressekonferenz no der Reunioun vun den Agrarministeren zu Bréissel annoncéiert. 

Lauschtert hei dee ganzen Interview mat der Martine Hansen

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.