arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Héich Düngemëttelpräisser: EU wëllt Hëllef op 500 Milliounen Euro erhéijen

Landwirtschaft

|
reading time

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Héich Düngemëttelpräisser: EU wëllt Hëllef op 500 Milliounen Euro erhéijen

D’EU-Kommissioun wëll d’landwirtschaftlech Reserve wéinst den héijen Düngemëttelpräisser op ronn eng hallef Milliard Euro erhéijen. Lëtzebuerg kéint dovunner an enger éischter Phas op d’mannst 1,4 Milliounen Euro kréien.

reading time

2 min

headphones

1 min

play_arrow

D’Hëllef, déi d’EU de Bauere wéinst den héijen Düngemëttelpräisser zur Verfügung stelle wëll, gëtt méi konkret. Wéi den Agrarkommissär Christophe Hansen confirméiert, soll d’Réserve agricole vu ronn 200 Milliounen Euro op ronn eng hallef Milliard Euro erhéicht ginn.

Dës Proposen huet d’EU-Kommissioun en Dënschdeg virgeluecht. Elo mussen nach d’Europa-Parlament an d’Memberstaaten hir Zoustëmmung ginn. De Christophe Hansen weist sech awer zouversiichtlech, datt déi néideg Majoritéiten zesummekommen.

Bis zu 5 Milliounen Euro fir Lëtzebuerg méiglech

D’Sue kéinten ënner anerem fir Düngemëttelfongen agesat ginn.

Am 100,7-Interview huet de Christophe Hansen erkläert, wat d’Mesure fir Lëtzebuerg bedeite kéint.

“Ech ginn dervun aus, datt op d'mannst 1,4 Milliounen Euro just fir Lëtzebuerg zur Verfügung stinn, an där éischter Phas. An da kann natierlech Lëtzebuerg dat och nach den Top-up maachen, vun 200 Prozent, dat heescht, mir wäerte knapps ënner 5 Milliounen en fin de compte kënne landen, wann deen nationale Budget dann och opbruecht gëtt.”

Verdeelung vun de Sue bleift nach op

Um Ufank hat de Christophe Hansen vun enger Hëllef vu 400 Milliounen Euro fir déi ganz EU geschwat, dat wieren erofgerechent fir Lëtzebuerg eng 400.000 Euro – an dat géing net duer – dat hat d’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen viru ronn 2 Wochen am 100,7-Interview gesot.

Si hat do och präziséiert, datt d’Aart a Weis, wéi d’Sue verdeelt solle ginn, an der Tripartite gekläert solle ginn.

An der Tripartite gouf iwwerdeems festgehalen, datt d’Hëllef sech géif no den Dispositioune vum europäesche Kader riichten. Weider Präzisioune goufen am Accord net festgehalen.

play_arrow Lauschteren