arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Greenpeace Lëtzebuerg kritiséiert Iwwerleeungen, fir Mercosur-Accord elo ëmzesetzen

EU

|
headphones

1 min

Greenpeace Lëtzebuerg kritiséiert Iwwerleeungen, fir Mercosur-Accord elo ëmzesetzen

Greenpeace Lëtzebuerg kritiséiert déi toxesch Relatioun tëschent Lëtzebuerg an dem Mercosur-Accord. Den 21. Januar haten d‘EU-Deputéiert mat knapper Majoritéit décidéiert, datt den Accord nach eemol misst duerch den Europäesche Geriichtshaff gepréift ginn.

headphones

1 min

Greenpeace-Aktioun zu Mercosur | © EPA/OLIVIER HOSLET
Greenpeace-Aktioun zu Mercosur (Foto: EPA/OLIVIER HOSLET)

D‘EU-Kommisisounspresidentin Ursula Von der Leyen an den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz iwwerleeën, den Accord virleefeg ëmzestzen. Dat wier laut Greenpeace een eklatante Verstouss géint demokratesch Regelen.

Schonn am Januar gouf an Aussiicht gestallt, datt een den Accord trotzdeem provisoresch kéint a Kraaft setzen.